Integratiounsparadox
Carte Blanche vum Fernand Fehlen RTL 30. November 2020
Wann een zwou rezenten Etüde gleeft, da soll Lëtzebuerg eent vun de rassisteschste Länner an der EU sinn a gläichzäiteg e Virreider vun der Integratioun vu Migranten. De Soziolog Fernand Fehlen probéiert, dëse Widdersproch opzeléisen.
Wann een zwou rezenten Etüde gleeft, da soll Lëtzebuerg eent vun de rassisteschste Länner an der EU sinn a gläichzäiteg e Virreider vun der Integratioun vu Migranten. De Soziolog Fernand Fehlen probéiert, dëse Widdersproch opzeléisen.
A menger leschter Carte Blanche hunn ech iwwer eng europäesch Rassismus-Etüd geschwat, bei där onst Land ganz schlecht ewechkoum. Lo gëtt et eng nei international Etüd, déi d’Integratioun vu Migranten an 52 Länner weltwäit moosst. Bei dësem sougenannte MIPEX-Index, deen elo grad op enger Konferenz vun der Asti virgestallt ginn ass, läit Lëtzebuerg wäit iwwer dem Duerchschnëtt. Et schneit besonnesch gutt bei den Antidiskriminéierungsmesuren, der politescher Participatioun an dem Zougang zur Staatsbiergerschaft of. A wat nach méi positiv ervirzesträichen ass: Zanter deem leschte MIPEX-Index viru fënnef Joer huet de Grand-Duché vill Fortschrëtter gemaach.
Wéi kann een déi zwou Etüden ënnert een Hutt bréngen? D’Zauberwuert heescht: Integratiounsparadox. Dat ass och den Titel vun engem Soziologiebuch, dat op den däitsche Bestsellerlëschte gelant ass; wat jo net all Dag virkënnt an dofir derwäert ass, hei ernimmt ze ginn. Säin Ënnertitel resuméiert d’Haaptthees vum Auteur. En heescht: Warum gelungene Integration zu mehr Konflikten führt. Méi Integratioun féiert zu méi Participatioun an zu méi Amëschen a politesch a gesellschaftlech Diskussiounen.
Dat heescht och méi Kontroversen a gesellschaftleche Stress, well déi Persounen, déi ënner dem Alldagsrassismus oder aneren Diskriminatioune leiden, sech elo trauen, eppes ze soen. A wat se méi oppen Ouere fir hir Problemer bei deenen enge fannen, wat d’Widderstänn bei deenen anere méi grouss ginn.
Esou gesinn ass Populismus an Nationalismus nëmmen en Nieweprodukt vun der neier Offenheet vun der Gesellschaft. Dëse Mechanismus gëtt an deem Buch zumindest fir onst Nopeschland Däitschland nogewisen.
Lo hat ech et bal vergiess. Den däitsche Soziolog heescht Aladin El-Mafaalani.