Votre panier

“Mir dierfen eis Mënschlechkeet net verléieren”

Commentaire vum Dany Rasqué
Dany Rasqué|RTL – radio : 19.03.2024 18:07|18 Commentaire(n)
RTL

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot fuerdert, datt d’Reegele vum Regroupement Familial a Krisenzäite méi flexibel applizéiert ginn.

Dat sot d’Laura Zuccoli aus dem Sekretariat vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot en Dënschdeg op RTL Radio.
Extrait aus dem Journal vun der Telé vum 19.März 2024 : https://play.rtl.lu/shows/lb/journal/episodes/r/3365187
D’Dany Rasqué liwwert a sengem Commentaire d’Äntwert op des Revendicatioun.
De Commentaire vum Dany Rasqué:

D’Krittäre vum Regroupement Familial si bewosst opgebaut ginn, méi eng grouss Familljenzesummeféierung géife mer net hikréien, well mer keng Better méi hunn a mir géifen eng gewëss Ongerechtegkeet schafen, wann een net weess wou fänkt een un an wou hält een op.

Dat ass d’Äntwert vum Lëtzebuerger Premier, dee ech virun engem Mount um Briefing nom Regierungsrot gefrot hat, ob een d’Krittäre vum Regroupement Familial an enger Situatioun, wou Mënschen a Liewensgefor sinn, net méi flexibel misst kënnen handhaben.

Den Ament kënnen de Partner oder d’Partnerin an d’Kanner nokommen. D’Eltere just, wann ee beweise kann, datt se vun engem ofhängeg sinn a Schwësteren a Bridder, zum Beispill, si schonn ausgeschloss.
De Premier huet keen Zweiwel dru gelooss, datt dës Regierung net Wëlles huet, Ausnamen ze maachen.

De Premier huet awer och gesot, am Léifste géif een all d’Leit aus Syrien, aus dem Afghanistan an aus Gaza ophuelen, mä dat wier onméiglech.

E Saz, deen d’Leit kéint menge loossen, datt mer zéngdausende Flüchtlinge sollen ophuelen, mä am Raum stoung e Chiffer vu maximal 200 Mënschen, deenen hir Familljen zu Lëtzebuerg wunnen a se kéinte bei sech ophuelen, esou datt se net an enger Struktur missen ënnerbruecht ginn.

Mä – an dat ass en anere Saz, dee mech nach ëmmer schockéiert- de Premier sot “mir kënnen dës Leit net dignement accueilléieren“. Sou loosse mer se am Misär stierwen.

Fairerweis muss ech awer dobäi soen, Lëtzebuerg hëlleft op der Plaz! Nee, mir kënnen d’Leit net virun de Bomme schützen, mir kënnen net verhënneren, datt aus hirem Doheem just nach e Koup Stëps bleift, datt Transporter mat Medikamenter, medezineschem Material a mat Liewensmëttel op der Grenz blockéiert ginn, mä ëmmerhin, mir schécke Suen.

3,5 Milliounen Euro humanitär Hëllef hu mer zënter dem Ufank vum Krich an d’Regioun geschéckt, sot de Premier virun engem Mount. Bei 2,2 Millioune Palästinenser sinn dat bannent 5 Méint knapp 1,6 Euro op de Kapp, ëm déi 30 Cent de Mount.  Méi deier ass e gutt Gewëssen net.

D’Haaptargument, dat d’Regierung awer nennt, fir d’Reegele vum Regroupement familial net méi flexibel ze handhaben ass, datt een d’Leit souwisou net aus der Gazasträif erauskritt.

D’Geschicht vun enger Lëtzebuergesch-Palestinensescher Koppel beweist, datt dat esou net stëmmt. Si huet véier Familljememberen erauskritt fir 5.000 Dollar pro Persoun, ob se op Lëtzebuerg dierfe kommen, bleift trotzdeem ongewëss.

Dëse Präis kann nach laang net jidderee bezuelen.

An ech si mer sécher, datt d’Lëtzebuerger Regierung an Zesummenaarbecht mat de Vereenten Natiounen méi kéint erreechen, wéi se behaapt.

Bis elo war ech houfreg drop, an engem Land ze liewen, dat net ewechkuckt, wann et anere Mënsche schlecht geet, mä dat aus eegener Erfarung weess, wéi wichteg Solidaritéit ass.

Ech wënsche mer, datt d’Mënschlechkeet eis net verluer geet. Jo, zu Lëtzebuerg gëtt et vill ze vill Leit, déi ënnert der Aarmutsgrenz musse liewen, mä mir hunn eppes wat net mat Suen ze bezuelen ass. Mir dierfen a Fridde liewen an dee Privileeg sollte mer weiderhi bereet sinn, ze deelen.