Gewënner vum EU-Migratiounspakt sinn d’Populisten an d’Passeuren

 

No laange Verhandlunge gouf de Migratiounspakt virun e puer Deeg am Europaparlament ugeholl. Ausser déi Gréng hunn eis Europadeputéiert dofir gestëmmt. Wat d‘EU sech vun deem Pakt versprécht, ass net kloer. Wat et sécher domat erreecht, ass nach méi Opschwong fir populistesch Wanvirstellungen iwwer Flüchtlingslawinen an Iwwerfriemung. Dat mengt d’Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewe Laura Zuccoli an hirem Fräie Mikro.

D’Europawale sinn am Juni. Mam Migratiounspakt wollten d‘EU-Kommissioun an d’Parlament weisen, datt si d’Flüchtlingsstréim a Richtung EU an de Grëff kréien. De Wieler sollt berouegt an déi populistesch Rietsparteien dru gehënnert ginn, weider Schreckenszenarien ze verbreeden, déi den Ënnergang vun eisen europäesche Kulturen an Identitéiten erop beschwieren. Dobäi ass gréisstendeels verpasst ginn, dem Bierger an Europa d’Virdeeler vun der Migratioun fir d’Entwécklung vun eisen Ekonomien ze verdäitlechen. Besonnesch Lëtzebuerg verdankt säi Räichtum a säi Liewensniveau der Migratioun.Do wieren eis Lëtzebuerger Europadeputéiert gutt berode gewiescht, op d’Wichtegkeet vun enger offener Immigratiounspolitik fir wirtschaftlech Entwécklung an Europa hinzeweisen, amplaz sech un der allgemenger Hexejuegd ze bedeelegen an esou Waasser op d’Mille vun de Rietsparteien ze schëdden, déi en Immigratiounsstopp an Europa verlaangen.

Wou bleift d’Solidaritéit?

D’Dublin-Reegele bleiwe bestoen. 30.000 Flüchtlingen aus deene Länner, déi bis elo déi meescht Flüchtlingen opgeholl hunn, sollen an aner EU Länner relokaliséiert ginn. Länner, déi sech weigere Flüchtlingen opzehuelen, musse bezuelen, woubäi dat awer emol net bindend ass. Sanktioune si keng virgesinn. Wou bleift do de solidaresche Verdeelungsmechanismus?
Un de Baussegrenze vun der EU sollen d’Flüchtlinge wärend fënnef Deeg a Centres de rétention agespaart, gefiltert an a Kategorien agedeelt ginn – erwuesse Männer oder Fraen, Famillen an elengreesend Mannerjäreger iwwer 12 Joer. Mënschen, déi aus engem sécheren Drëttstaat kommen, oder aus engem Land, wou positiv Äntwerten op eng Flüchtlingsdemande ënner 20 Prozent leien, sollen zeréck an hiert Land. D‘EU kategoriséiert d’Mënschen op der Flucht a verwiert hinnen de Flüchtlingsschutz. Besonnesch beonrouegend ass, datt d’Kontrollmechanisme vum dësem Triage net feststinn.

Wou bleiwen d’Mënscherechter?

Duerch eng verstäerkten Zesummenaarbecht mat de Länner un de Baussegrenze vun der EU soll de richtege Flüchtling vum falsche getrennt ginn, dee gudde vum schlechten – an dat innerhalb vu fënnef Deeg. De Migratiounspakt gesäit vir, datt d’EU dësen Delai am Fall vun engem “Afflux massif“ verlängere kann, mee néierens steet eng iewescht Limitt fir d’Retentioun. Wou bleiwen do d’Mënscherechter? Wéi vill Leed a Verzweiwlung gëtt do bewosst provozéiert?

Wiem notzt dat Ganzt, wann de Flüchtlingswee deen eenzege legalen Awanderungswee duerstellt, aus Mangel un enger intelligenter, gemeinsamer Immigratiounspolitik an d’EU? D’Passeure sinn déi grouss Gewënner vun dëser Politik a reiwe sech d’Hänn. Bis 2027 sollen 10.000 Agente fir d’Frontex schaffen an e Budget vun 900 Millioune fir d’Iwwerwaachung vun de Baussegrenzen zur Verfügung stoen, obwuel d’Cour des Comptes Européenne ëmmer erëm op de Mangel un Evaluatiounen iwwer d’Efficacitéit vu Frontex hiweist. D’Logik, fir Europa an eng Festung ze verwandele gëtt mam Migratiounspakt verstäerkt, an den Doud vun Dausende vu Mënschen um Wee an Europa gëtt als Präis akzeptéiert. Eng mënscheveruechtend Astellung. Dobäi brauch dat demographieschwaacht Europa dringend d’Migratioun fir säin Aarbechtsmaart. Amplaz dem rietse Bord nozeginn an de Passeure Geld an d’Täschen ze spullen, hätt d’Politik definitiv besser gehat, e Migratiounspakt auszeschaffen, deen Europa, sengen Awunner an de Flüchtlingen zegutt kënnt.