Flüchtlingspolitik
D’Marianne Donven engagéiert sech zanter iwwer 10 Joer am humanitäre Beräich fir Refugiéeën a reprochéiert der Regierung Onmënschlechkeet.
De Familljeminister Max Hahn reagéiert
Eng Beamtin aus dem Ausseministère huet hir Demissioun eragereecht, well si net mat der Regierungsaarbecht an der Flüchtlingspolitik zefridden ass. Et géing een onmënschlech a skrupellos mat deene Schwächsten ëmgoen, sou d’Kritik vun der Marianne Donven, déi vill Leit duerch hir Aarbecht mat Refugiéë wéi beim Hariko vun der Croix rouge, bei Oppent Haus oder am soziale Restaurant Chiche kennen. Och hir Plaz am Conseil supérieur de la sécurité civile beim Inneministère huet si opginn.
An der Asylpolitik géing zanter der neier Regierung villes net méi lafe wéi virdrun. D’lescht Woch wier zum Beispill eng Mamm eleng mat engem Puppelche vun 10 Méint an engem Kand vu 5 Joer aus engem Foyer vum Office national de l’accueil (ONA), deen dem Familljeministère ënnersteet, op d’Strooss gesat ginn. Dobäi géing et sech hei net ëm en Eenzelfall handelen, sou de Reproche. Et wieren den Ament Honnerte Leit op der Strooss, wat et virdrun net ginn hätt.
Familljeminister verweist op d’Maison Retour
Et géing keen op d’Strooss gesat ginn, seet dogéint de Familljeminister Max Hahn. Hie relativéiert d’Situatioun. Et géing sech am Allgemengen ëm Fäll handelen, wou d’Geriichter jorelaang ëmmer nees hiert Urteel confirméiert hätten, dass d’Leit illegal am Land wieren. Esou géinge Plazen am ONA blockéiert ginn, wou ee wéisst, dass de Reseau komplett saturéiert wier an esouguer Waardelëschten agefouert goufen. «Fir deem entgéintzewierken an eebe keen op d’Strooss ze sëtzen, hu mer d’Maison Retour agefouert», präziséiert de Max Hahn. Hei géingen d’Leit affiliéiert a begleet ginn, fir se op de Retour an hir Länner ze preparéieren.
Virdru wiere Leit déi ausgewise solle ginn, mee keng Méiglechkeet haten, zréckgefouert ze ginn, well verschidde Länner e Retour forcé net akzeptéieren, net einfach aus dem Foyer erausgehäit ginn, mengt dogéint d’Marianne Donven. Elo géinge Leit, wa se eng lescht negativ Äntwert kritt hunn, e Bréif kréien, wou se 5 Deeg Preavis hätten, fir de Foyer ze verloossen. “Dat ass wierklech net seriö. Wéi kann een a 5 Deeg zu Lëtzebuerg en anere Logement fannen?”, freet sech d’Marianne Donven. D’ONGe wieren da gefuerdert, déi Leit, di op der Strooss landen, opzefänken.
De Max Hahn erënnert drun, dass et eng Maison de Retour volontaire wier. Wou d’Leit begleet ginn, hire fräiwëllege Retour z’organiséieren. Dobäi krite si esouguer eng finanziell Ënnerstëtzung, fir hiert Liewen an hirem Heemechtsland nei opzebauen. D’Asylrecht wier immens kostbar. An do misst een akzeptéieren, dass Leit d’Asylrecht zougesprach kruten, an anerer net.
Prozedure beim Immigratiounsministère géinge schleefen
Kritiséieren deet d’Marianne Donven awer och, dass vum Immigratiounsministère keng Réckmeldunge méi kéimen. Demandë fir de Regrouppement familial géinge méintlaang schleefen, Refugiéen, déi als Léierbouwe schaffen, krite keng Äntwerten, ob se en Titre de séjour kréien an hir Formatioun kéinte fäerdeg maachen. «Et kritt ee bal ni méi den Telefon opgehuewen», sou d’Marianne Donven. D’Kommunikatioun wier vill méi schwiereg ginn. Déi Concernéiert géingen hir Dokumenter, déi se gefrot kréien, op de Büro vun der Immigratioun schécken an da géing méintlaang näischt geschéien.
“Ech fäerten, dass et esou ass, dass se net méi wëllen, dass Leit nokommen. Dass d’Famillje regruppéiert ginn. Dass een dat net wëllt offiziell soen”, mengt d’Marianne Donven. An da géingen d’Leit méintlaang an der Ongewëssheet gelooss ginn. Villäicht géing och gehofft ginn, dass d’Leit verzweiwelen a sech géingen anescht decidéieren an net méi wéilten zu Lëtzebuerg bleiwen.
Op dës Reprochë wollt den Inneminister Léon Gloden awer en Dënschden net reagéieren.