Obdachloser si Mënschen, si hunn e Recht op mënschlech Behandlung

Eis Politiker intresséiert eng propper Stad ouni Heescherten, ouni Drogéierter an ouni Leit, déi keen Openthaltsrecht hunn.
Déi passen all net an d’Bild vun eisem räiche Lëtzebuerg. Et wëll ee jo schliisslech net permanent e schlecht Gewësse gemaach kréien. Am léifste solle Si erauseekelt ginn, dofir gëtt hinne Liewe schwéier gemaach.
Mat der Wanteraktioun bitt de Staat de Leit op der Strooss en Ënnerdaach tëscht dem 15 November an dem 15 Abrëll. Et soll jo kee vu Keelt stierwen. De Rescht vum Joer, och wann et extrem waarm ass oder deeglaang reent, mussen d’Strummerten op der Strooss eens ginn. Wier et net un der Zäit eng permanent Struktur fir Obdachloser ze schafen?
Säit dësem Joer muss ee virum 15. November d’lescht Joer 3 Méint Openthalt zu Lëtzebuerg opweisen, fir an der WAK ënnerdaach ze kréien. Eis sozial Strukture solle keng Auslänner op Lëtzebuerg lackelen, heescht et. Déi, di trotzdeem kommen, dierfen héchstens 3 Deeg an der WAK bleiwen eher se nees an hiert Land zréckgeschéckt ginn. Natierlech fräiwëlleg, mer si jo mënschlech. Ronn 100 männlech Asylbewerber stinn op der Waardelëscht fir eng Plaz an enger Flüchtlingsënnerkunft ze kréien. Si däerfen an der Tëschenzäit gnädeg an der Wanteraktioun schlofen. Déi sëlleg Asylbewerber hunn de Wanter 22-23 gepräägt, ënnersträichen d’Hëllefsorganisatiounen Dräieck ASBL an hirem Bericht iwwert viregt Wanteraktioun. Dat stéisst géint d’Obligatioune vun eisem Staat.
An der WAK hunn 250 Leit Plaz, d’Kapazitéit ass elo mat Zelter opgestockt ginn. Moyenne vun den Iwwernuechtunge louch am Februar em 200 an déi maximal Kapazitéit gouf nach net iwwerschratt. Mënschen ouni Ënnerdaach, déi d’Nuecht enk beieneen an engem Dortoir mat bis zu 60 Better verbrénge wëlle, mussen sech all Dag sur Place nees op en neits aschreiwen a kënnen néirens hir perséinlech Saachen hannerloossen. D’Diere ginn awer eréischt um 19 Auer op. Op der Plaz gëtt et keng Méiglechkeet, fir sech ënnerdaach ze stellen, d’Leit mussen am Dag entweder dobaussen an der Keelt an am Ree waarden oder an deene wéinege klengen Dagesstrukture fir Obdachloser ophalen, wou Leit an der Entrée gefiltert ginn an eventuell op eng Waardelëscht kommen. All Dag op en Neits sech aschreiwe mussen, fir owes e waarmt Bett ze kréien, ass dat mënschewierdeg? An der WAK schlofen och ëm di 20 Mënschen, déi legal schaffen an trotz Aarbecht keng Wunneng fannen. Fir si ass et besonnesch komplizéiert, sech all Dag an der WAK ëmmer erëm anzeschreiwen. Soss konnte si sech fir eng Woch aschreiwen, firwat ass dat elo net méi méiglech? Déi alldeeglech Angscht, méiglecherweis net vun der Noutstruktur fir Obdachloser profitéieren ze kënnen, bedeit en enorme Stress, dee Sozialaarbechter als onmënschleche System denoncéiert hunn.
Leit op der Strooss liewen a staarker medezinescher a psycho-sozialer Nout a si Krankheet a Gewalt ausgesat. Och wann eemol d’Woch eng medezinesch Betreiung an der WAK ugebuede gëtt – wou bleift dat mobilt Gesondheetsteam, dat medezinesch a psychologesch Betreiung fir Obdachloser bidde soll? Wou bleift déi koordinéiert, transversal an inklusiv Strategie, mat där d’Regierung Bekämpfung vun der Obdachlosegkeet bis 2030 erreeche wëll? De grousse Manktem un erschwénglechem Wunnraum an u Sozialwunnengen, déi endlos Waardelëschten an d’Feele vu genuch Housing-First-Konzepter sinn Ursaache vun Obdachlosegkeet. E strukturellt, gesellschaftlecht Versoen, ënner deem déi Schwächsten am meeschte leiden.
Obdachloser si Mënschen a Mënschen hu Rechter. Recht op Wunneng, op Gesondheet an op Dignitéit.