A 500 Wierder iwwert d‘Migrations- and Asylpolitik an der EU

LËTZEBUERGER JOURNAL 27. Oktober 2020
MAX FISCH

Säit Jore gehéiert d’Migratiouns- an d‘Asylspolitik zu enger vun de gréissten Erausfuerderungen vun der Europäescher  Union. Nom grousse Feier am Lager Moria zu Lesbos Ufank September an nodeems dausende vu Migranten duerch déi Katastroph hire leschte Besëtz och nach verluer hunn, huet déi europäesch Flüchtlingsproblematik och rëm d’Aktualitéit dominéiert. An hirer Ried zur Lag vun der EU huet déi nei Kommissiounspräsidentin Ursula von der Leyen de 16. September annoncéiert, dass d’Flüchtlingssituatioun eng vun hire wichtegste Prioritéite wier an dass si zesumme mat de Memberlänner alles géif dru setzen, fir dës Problematik an de Grëff ze kréien. Kuerz drop huet d’Kommissioun dunn och hiren neie Pakt fir d‘Migratiouns- an d‘Asylpolitik virgestallt.

D’Zil vum neie Pakt ass et, fir d’Situatioun vun den Länner un de Grenze vun der EU ze verbesseren a fir innerhalb der EU de richtegen Equiliber tëschent Solidaritéit a Responsabilitéit ze fannen. Et geet drëms, de Länner ënner Drock zu all Moment kënne bäizestoen, fir hinne séier kënnen ze hëllefen, falls se et néideg hunn a fir ze versécheren, dass all eenzelt Land an der EU zur Léisung vum Problem bäidréit.

D´Meenunge gi wäit auserneen

Diskussioune ronderëm déi nei virgeschloen Iddie vun der Kommissioun si grouss. D’Initiativ, eng nei gemeinsam europäesch Migratiouns- an Asylpolitik an d’Liewen ze ruffen gëtt vun all de Memberlänner ënnerstëtzt, mee d’Meenungen iwwert d’Ëmsetzung gi scho säit Joren auserneen a splécken d’Union, dat bleift de grousse Problem. En Deel vun den EU-Länner soe kloer, dass et fir si net méi a Fro géif kommen, Flüchtlingen opzehuelen an dass et drëms geet, d’Immigratioun insgesamt ze verréngeren an immens vill Drock läit op den Länner un de Baussegrenze vun der EU, déi duerch hir geografesch Lag am meeschte mat der Flüchtlingsproblematik ze kämpfen hunn an am meeschten Ënnerstëtzung brauchen. Fir dësen ze reduzéieren an och fir dass déi Länner, déi keng Flüchtlingen ophuelen, trotzdeem zur Léisung vum Problem
bäidroe kënnen, huet d’Kommissioun mam ‚Return Sponsorship‘ eng nei Idee presentéiert, déi eng vun de groussen neie Mesurë vum Pakt ass. Vereinfacht erkläert ass dat eng Mesure, wouduerch Memberlänner d’Responsabilitéit vu Migranten iwwerhuelen kéinten, déi kee Recht op Asyl kritt hunn, an déi dobäi ënnerstëtzen an hinnen hëllefen, fir sécher an a gudde Konditioune rëm zeréck an hiert d’Heemechtsland ze kommen. Laut der Kommissioun géifen déi Migranten, déi kee Recht op Asyl hätten, e groussen Deel ausmaachen a wieren och e grousse Grond fir déi schrecklech Flüchtlingslageren un de Grenzen. Sou kéinte sech déi Memberlänner, déi keng Flüchtlingen ophuelen, sech trotzdeem solidaresch weisen, andeem se hiren Deel zur Léisung vun der Problematik bäidroen.

Eng aner nei Iddi, déi d’Kommissioun an hirem Pakt presentéiert huet, ass ‚pre-entry screening’, wou et drëms geet, fir all d’Leit un de Grenzen ze enregistréieren an eng Sécherheets- an Gesondheetskontroll ze maachen. Dëst soll erbäiféieren, dass et méi einfach ass, den Iwwerbléck iwwert d‘Gesamtsituation ze behalen an dass ee méi séier weess, wéi et fir déi eenzel Flüchtlinge weidergeet a wat se brauchen oder hinne feelt, wat am Interessi vun deenen zwou Säiten soll sinn.

Déi nächst Wochen an Méint wäerten elo ganz wichteg sinn, well et heescht, zesumme mat all de 27 Memberlänner, sou séier wéi méiglech en Accord ze fannen, Kompromësser anzegoen an erauszefannen, wéi eng nei Iddie vun der Kommissioun ënnert wéi enge Konditiounen ëmzesetzen sinn an ob dëse Pakt den éischte Schratt an eng nei kloer europäesch Migratiouns- an Asylpolitik ass.