“Am Asaz fir d’Gesellschaft”

RTL.lu: Serie : De Paul Prussen schafft bei der Asti
Sech aus Freed un der Saach fir aner Leit staark maachen, d’Integratioun an d’Gesellschaft ze fërderen a fräiwëlleg Zäit an Energie ze spenden.

Benevolat ass dat, wat de Paul Prussen dreift. De Pensionär schenkt anere Leit gäre seng Zäit. Hie schwätzt 5 Sproochen an notzt seng linguistesch Kenntnisser, fir do Hëllef ze bidden, wou se gebraucht gëtt. Zanter 3 Joer schafft hien als Fräiwëllege bei der Asti. D’Associatioun, déi d’Integratioun vun den Auslänner an déi interkulturell Beräicherung hei am Land fërdert.