Asyldemandeure besser integréieren

Interview mam Emile Eicher, Präsident vum Syvicol um 100komma7 den 14. Juni 2019

Asyldemandeure besser integréieren

De President vum Syvicol huet och een Appell lancéiert fir méi kleng Strukture fir Asyldemandeuren ze schafen. Hien ass mat der Propos vum Ausseminister averstane fir iwwer d’Land verdeelt kleng Strukture vu maximal 33 Persounen ze schafen. “Dat wier natierlech eng ganz aner Diskussioun, wéi wann een der 150-200 huet.”

Den Emile Eicher ass der Meenung, datt wann een et géif fäerdeg brénge fir d’Asyldemandeure méiglechst gutt iwwer dat ganzt Land ze verdeelen a se net ze konzentréieren op e puer Plazen, “dann hätten déi Leit och eng reell Chance fir op deene Plazen, wou si herno sech fir d’éischt néierloossen, do och ze bleiwen”.