Votre panier

Ghetto statt Integration

Zustände in Flüchtlingsunterkünften in Luxemburg sind nicht besser geworden

Stefan Kunzmann    tageblatt 6. Februar 2026

In mancherlei Hinsicht hat sich die Wohnungssituation der Geflüchteten in Luxemburg zugespitzt. Selbst wenn sie einen internationalen Schutz erhalten haben, bleiben sie mit vielen Problemen konfrontiert. Das zuständige Familienministerium und die ihm unterstellte Behörde ONA sind überfordert, während Flüchtlingshilfsorganisationen ihr Bestmögliches unternehmen.

Lire la suite

Staatsrat streicht umstrittene Verordnung zu Flüchtlingsstrukturen von Tagesordnung

Am Montag stand der Entwurf noch auf der Tagesordnung, am Dienstag wurde der Punkt gestrichen – nachdem die Zivilgesellschaft das Vorhaben der Regierung kritisiert hatte.
Die Flüchtlingsunterkunft Don Bosco sorgt schon länger für Kritik.  Foto: Adam Walder

Die Zivilgesellschaft wurde von einem Verordnungsentwurf zu Flüchtlingsstrukturen überrumpelt. Wie das „Luxemburger Wort“ am Montag berichtete, sollte der Staatsrat sich am Dienstag mit einem Verordnungsentwurf befassen, der dazu führen würde, dass Aufnahmeunterkünfte des Nationalen Aufnahmeamts (ONA) aus dem Gesetz über klassifizierte Betriebe herausgenommen werden.

Konkret bedeutet das unter anderem, dass nicht mehr die Arbeitsinspektion ITM Sicherheits- und Hygienestandards der Strukturen überwachen würde, sondern das ONA selbst.

Lire la suite

Kritik u geplangtem Reglement fir Flüchtlingsstrukturen – Et kéim « aus heiterem Himmel »

Radio 100komma7   3.Februar 2026

Strukturen, wou geflücht Persounen dran ënnerbruecht sinn, sti reegelméisseg an der Kritik. Esou och de Moment, wou op de soziale Medie Fotoen zirkuléieren, déi hei um Kierchbierg an der Struktur Tony Rollmann solle geholl gi sinn, an déi keng gutt hygieenesch Zoustänn weisen.

Verstoppte Lavaboen, knaschteg Toiletten a Kichen, déi och net ausgesinn, wéi wa se an der Lescht dacks gebotzt gi wieren.

Lire la suite

Regierung will Kontrolle von Hygiene-Standards in Flüchtlingsunterkünften auflockern

Luxemburger Wort 2. Februar 2026, Florian Javel

Für die Akteure aus der Zivilgesellschaft ist der neue Entwurf einer großherzoglichen Verordnung der Regierung über ONA-Strukturen eine wahre Bombe. Darin planen CSV und DP nämlich, die Unterbringungsstrukturen des Nationalen Aufnahmeamts (ONA) aus dem Gesetz über klassifizierte Betriebe herauszunehmen.

Die Aufnahmestrukturen fielen bisher in die Klasse 3A und mussten demnach vom Arbeitsministerium genehmigt werden. Zudem war die Arbeitsinspektion ITM dafür zuständig, die Einhaltung der Sicherheits- und Hygienebestimmungen, die in der Commodo-/Incommodo-Prozedur enthalten sind, zu überwachen. Das soll künftig nicht mehr der Fall sein.

Lire la suite

Adapter les foyers ou rabaisser le cadre règlementaire

Nombre de structures d’hébergement des réfugiés ne répondent pas à des conditions élémentaires.
Ces situations ont été évoquées et dénoncées  e.a. par le Ombudsman fir Kanner an Jugendlech dans ses rapports et à plusieurs reprises par la presse.
Notons qu’il incombe au gouvernement de loger les demandeurs de protection internationale pendant la durée de l’examen de leur demande.
Si lors de la venue en nombre de demandeurs après 2015 ou suite à la guerre en Ukraine il y a eu urgences les autorités ont dû recourir à des solutions d’hébergement pas tout à fait conformes aux exigences de la loi du commodo/incommodo. Pareilles situations ne peuvent cependant perdurer.

Lire la suite

Sozialhilfe: Grenzen und Engagement

| 29.01.2026 Woxx

Luxemburg-Stadt zögert den Rauswurf eines Paares aus ihrer Sozialwohnung hinaus. Mehr könne sie aber nicht tun, betont die DP-Schöffin Corinne Cahen. Einblick in einen Fall, bei dem die Sozialdienste an ihre Grenzen stoßen.

Ein Paar wird aus ihrer Sozialwohnung rausgeworfen. Eine Winterpause für diese Zwangsräumungen gibt es in Luxemburg seit 2023 nicht mehr. (Bild: Paasiviki CC BY SA 3.0 via Wikimedia Commons)

Lire la suite

Stararchitekten bauen Asylzentren

Süddeutsche 28.1.2026
Das Rotterdamer Büro von Rem Koolhaas soll in den Niederlanden Unterkünfte für Migranten errichten. Das Besondere: Sie sind dort nicht mehr allein unter sich.

München – OMA in Rotterdam ist eines der bekanntesten Architekturbüros der Welt. 1975 von Stararchitekt Rem Koolhaas mitgegründet, steht es für radikal zeitgenössische Architektur, für avantgardistische Werke wie die gewundene Sendezentrale des chinesischen Fernsehens in Peking oder den gigantischen dreitürmigen Wolkenkratzer De Rotterdam an der Maas. Auch den spektakulären neuen Hauptsitz des Springer-Verlags in Berlin hat OMA entworfen. Nun wagt sich das Office for Metropolitan Architecture an ein völlig anderes Unterfangen: den Bau von Unterkünften für Asylbewerber in den Niederlanden.

Lire la suite

Abordabel, mee net sozial

A senger Carte blanche stellt de Gilles Hempel d’Fro, ob et wierklech d’Aufgab vum Staat ass, Wunnengen ze bauen, déi virun allem fir déi iewescht Mëttelschicht bezuelbar sinn, wärend sozial Mietwunnenge feelen an d’Waardelëschten explodéieren.

RTL

© RTL

Carte blanche vum Gilles Hempel

Wann een eng Sozialwunneng verkeeft, dann ass et keng méi. An net alles, wat abordabel ass, ass och sozial.

Ëffentlech Bauträger baue sougenannten abordabel Wunnengen a plakatéiren mat grousse Buschtawen: 80 % vun der Bevëlkerung sinn eligibel fir esou eng ze kafen. Bis zu 192.125,39 Euro netto däerf eng Koppel mat dräi Kanner pro Joer verdéngen, fir esou eng ëffentlech abordabel Wunneng kënnen ze kafen.
A wann ee kuckt, wat déi Wunnenge kaschten, da versteet een och, virwarnt ee muss esouvill verdéngen. Fir dass esou eng Wunneng abordabel ass, muss ee schonn zur ieweschter Mëttelschicht gehéieren.

Mä ass dat wierklech dem Staat seng Aufgab, Wunnengen ze bauen, déi sech just déi besser gestallte Leit leeschte kënnen? Muss de Staat dofir ze suergen, dass Menagë mat bal 200.000 Euro netto Joresakommes kënne Proprietäre ginn?

De Staat a seng ëffentlech Bauträger sollte sech dorop konzentréieren, sozial Mietwunnengen ze baue a als éischt deenen hëllefen déi et am meeschte brauchen.

  • Elengerzéiend Mammen an Pappen, déi wéinst feelende Betreiungsstrukturen nëmmen Deelzäit schaffe kënnen.
  • Aarbechter an Aarbechterinnen, déi fir de Mindestloun musse schaffe goen an um Enn vum Mount d’Enner net beienee kréien.
  • Leit, déi net kënne schaffe goen, well se krank sinn an dofir op de Revis ugewise sinn.

Mir hunn zu Lëtzebuerg eng Logementskris a mat knapp 2 Prozent soziale Mietwunnengen eng vun de niddregste Quoten an Europa. A wat maache mir? Mir baue Wunnengen a verkafen se un déi Räich. An déi Aarm sti jorelaang op enger Waardelëscht.
Mir brauche vill méi sozial Mietwunnegen a keng soit-disant abordabel Wunnengen, déi nëmme fir déi mat den decke Paien abordabel sinn.

Zu Lëtzebuerg ass Wunne kee Mënscherecht

D’Recht op Wunnen, wéi den Artikel 25 vun der Mënscherechtsdeklaratioun et ausdrécklech festhält, besteet hei am Land ëmmer manner. Net nëmmen aus Mangel u Wunnraum, ma och aus finanziellen, formal-juristeschen oder soziale Grënn.

© RTL

Carte blanche vum Laura Zuccoli

Ëmmer méi Leit zu Lëtzebuerg fanne keng abordabel Wunneng, hu keen Daach iwwer dem Kapp. Ouni Wunneng keng Adress, ouni Adress keng Aarbecht, kee Bankkonto a kee Recht op Sozialleeschtungen. Et kann een eng Referenzadress an engem Sozialbüro ufroen, awer nëmmen als Lëtzebuerger, als unerkannte Flüchtling oder als Bierger aus der Europäescher Unioun, dee säit mindestens 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnt a sozial verséchert ass. E Bierger aus engem Drëttland, dee seng Wunneng verléiert a keng aner fënnt, hat Pech, och wann ee jorelaang zu Lëtzebuerg legal gewunnt a geschafft huet.

Famillje mat e puer Kanner fanne schwéier eng Sozialwunneng. Als Reegel gëllt, dass d‘Elteren en eegent Zëmmer sollen hunn, Kanner am Alter vu 6-12 Joer maximal zu 2 an ab 12 Joer eleng an engem Zëmmer schlofe sollen. Ideal Konditiounen, mee esou sinn Sozialwunnenge fir kannerräich Famillje rar. Well mer verbassen un dëse Konditioune festhalen, musse vill Famillje weider ënner onzoumuttbaren Ëmstänn wunnen, ouni eng realistesch Perspektiv, fir jee eng Sozialwunneng ze kréien.

D’Openthaltsgeneemegung fir Bierger aus Drëttlänner an unerkannt Flüchtlinge gëllt exklusiv fir Lëtzebuerg. Si mussen dowéinst onbedéngt eng Wunneng hei am Land fannen a kënnen net iwwer d’Grenz liewe goen. Dofir gëtt et de Phenomeen vun de Bréifboîte-Adressen, net nëmmen an eiser Finanzwelt, mee och um Wunnengsmaart. Fiktiv Adressen zu Lëtzebuerg gi gehandelt, mat Beträg vun 300 bis 500 €/Mount fir eng Adress.

Eng Schan!

D’Gesetz seet, et mussen 9m2 pro Persoun an enger Wunneng virgesi sinn. Trotzdeem liewe vill akommesschwaach Familljen a katastrophale Konditiounen, wat besonnesch dramatesch fir d’Kanner ass. Als Sous-Locataire a miwweléierten, oft fiichten an onhygieeneschen a vill ze klengen Zëmmere liewe si iwwer Caféen oder a Kelleren a bezuelen exorbitant Loyeren – bis zu 1.000 € fir 10 Meterkaree. A wann den Haaptlocataire säi Loyer dem Proprietär net bezilt, sinn d’Sous-Locatairë gesetzlech net geschützt. Si ginn dann op d’Strooss gesat.

Verschidde Gemenge refuséieren, nei Awunner bei sech anzeschreiwen, deenen hir Adress an engem Eefamilljenhaus ass, wou schonns e Stot wunnt, egal ob dat eng Persoun eleng ass oder et méi Persoune sinn. E Certificat vum Proprietär, dee bestätegt, dass een do wunnen däerf, muss bei der Umeldung op der Gemeng mat agereecht ginn. Allerdéngs kasséiere verschidde Proprietäre gären de Loyer, refuséieren awer aus steierleche Grënn e Certificat auszestellen. Skrupellos Patronen notzen dat och aus a bidden Aarbecht mat Kascht a Logis, wat dann zu Mënschenhandel féiert. Tëscht 2013 an 2022 goufen offiziell 112 Fäll vu Mënschenhandel zu Lëtzebuerg aktéiert – mat enger Donkelziffer, déi wäit driwwer leien dierft.

E Wunnsëtz ass hei am Land d’Grondviraussetzung fir d’Liewen an d’Schaffen. De Mangel un abordabelem Wunnraum bremst ëmmer méi d‘Immigratioun vun akommesschwaache Mënschen zu Lëtzebuerg. Den Artikel 25 vun der Mënscherechtsdeklaratioun gëllt zu Lëtzebuerg definitiv net.