Was mit den ukrainischen Familien in Diekirch passiert
Offene Bréif un d’Buergermeeschter vun eisem Land an un eise Kardinol
Thierry Hirsch
„Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn“: Eisen Nationalmotto kéint eis am Moment net besser mat den Ukrainer verbannen.
An trotzdeem liest een an der Press (sou z.B. am Artikel „Zwischen Ernüchterung und Empörung“ op Reporter.lu), dass eis Autoritéiten a Saache Logement vu Flüchtlingen net brilléieren. Dat ass keen neie Problem – en existéiert scho säit der „Flüchtlingskris“ vun 2015 an huet scho fir sou munch Schlagzeil gesuergt, souwuel wat d’Quantitéit vun deene Wunnengen ubelaangt wéi och d’Qualitéit (Stéchwuert: Al Logopédie zu Stroossen, wou viru Joren e Flüchtlingskand sech d’Hand an engem futisse Lavabo opgeschnidden hat an an d’Urgence musst).
Resultat: Iwwer 1000 Ukrainer hu Lëtzebuerg an Direktioun aner EU-Länner verlooss (Reporter.lu). Eng absolut Schan.
Ech schreiwen hei als Enkel vun enger Lëtzebuergerin, déi während dem 2. Weltkrich zwee Mol landesintern Flüchtling war, wéi d’Kämpf am Norde vum Land besonnesch hefteg waren. Bis un hiert Liewensenn huet si gekrasch, wa si vun dësen Erliefnisser erzielt huet, a war deene Familljememberen am Süde vum Land zudéifst dankbar, bei deenen si mat hiren Elteren an anere Membere vun der Famill an engem klengen Haus opgeholl gouf.
Ech si sécher, dass ech net deen eenzegen Nokomme vun engem Lëtzebuerger Flüchtling sinn: Frot mol an Äre Familljen no.
1945 war Lëtzebuerg a villen Ecke vum Land zerstéiert a war z.D. batter aarm. An dach gouf wuertwiertlech Plaz gemaach, fir nach e puer Leit méi mat un en net räich gedeckten Dësch ze loossen, well déi nach manner gutt dru waren an Hëllef gebraucht hunn.
Haut liewe mir am räichste Land vun Europa. Eisen Dësch ass sou räich gedeckt, wéi eis Grousselteren oder Elteren sech dat während an nom 2. Weltkrich ni hätten dreeme loossen.
Wann een da gesäit, wéi an dësem räiche Land a Saache Logement vu Flüchtlinge geschafft gëtt – wéi wéineg Plaz mer un eisem sou räich gedeckten Dësch wëlle maachen –, da kann ee sech just d’Aen reiwen.
Wann ee bedenkt, dass eis Autoritéite lo scho mindestens 7 Joer laang Erfahrung am Beräich vum Management vun enger „Flüchtlingskris“ missten hunn an dann nach ëmmer sou Saache passéieren, kann ee sech just d’Aen reiwen.
Wann ee bedenkt, dass vill vun deene betraffenen Autoritéiten, déi zécken, fir Décisiounen ze huelen an z.D. débill Reegelen ofzeschafen (am Artikel vu Reporter.lu gëtt d’Beispill genannt vum Schoulsak, deen d’Kanner net dierfe mat an den Iesssall huelen – dat misst ee mol mat de Fonctionnaire-Poschen an der Staatscantine maachen!), an der Fonction Publique eng Prime à responsabilité kréien, kann ee sech just d’Aen reiwen.
D’Asbl LUkraine schléit laut Reporter.lu vir, fir Wunncontainer – wéi de Staat se z.B. an der „Flüchtlingskris“ vun 2015 am Mariendall agesat huet – temporairement op Lëtzebuerg ze bréngen an hei an de Gemengen uechtert Land opzestellen. Nom Krich géifen déi Wunncontaineren an d’Ukrain bruecht, wou se dann dee Moment staark gebraucht géifen, bis Haiser an Appartementer nees opgebaut sinn. Eng intelligent an nohalteg Idee.
E puer Gemengen hu laut deem Artikel schonn zougesot a weisen domat hier Solidaritéit. Dat wëll ëmgedréint heeschen, dass ganz vill vun eisen 100 Gemengen dat nach net gemaach hunn, obwuel se dat kéinte maachen: Vill Gemengen hu genuch Plaz, fir sou Wunncontaineren opzestellen – sief et op Terrainen, déi hinne selwer gehéieren, sief et, andeems se mat de Propriétaire vu Bauland schwätzen, op dat an deenen nächste Jore souwisou nach net sollt gebaut ginn. Et ass ganz einfach eng Fro vu guddem Wëllen a vun Engagement.
Och d’Kierch soll sech un hiert faméist Gläichnis vum baarmhäerzege Samariter erënneren an aktiv no der Sich vu sou Terrainen hëllefen. D’Kierch war ëmmer e Grossgrundbesitzer hei am Land an huet och ënnert hire Scheewecher sou munch Propriétaire vu Terraine sëtzen. Mat engem engagéierten Hierdebréif kéint eise Kardinol sech un d’Gewësse vun dëse Leit riichten.
Net wien mir an eisem Häerz sinn, mä wat mir konkret maachen, définéiert eis.
Et wier un der Zäit, dass eis Autoritéite weisen, ob se Courage hunn a kreativ denke kënnen. Wann d’Autoritéite vu manner räichen EU-Länner dat hikréien, missten eis mat vill méi Mëttelen dat dach och hikréien.
All weidere Flüchtling, dee Lëtzebuerg wéinst Logementsproblemer verloosse muss, ass eng Schan fir eist Land – wéi gesot, dat räichste Land an Europa.
„Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn.“ Wat bedeit dat nach haut, wou mir Lëtzebuerger net méi an eiser nationaler Existenz bedrot sinn ?
a) generéis an hëllefsbereet si géigeniwwer Leit, déi eis Hëllef brauchen, a kreativ no Léisunge sichen, andeems mir e bëssche méi no zesummeréckelen, fir nach Plaz un eisem Dësch ze maachen – sou, wéi eis Virfahren dat während an nom 2. Weltkrich gemaach hunn;
b) egoistesch, geldgiereg sinn oder ze feig, fir eventuell onbeléift politesch oder administrativ Décisiounen ze huelen, an all Zentimeter vun eisem räich gedeckten Dësch ganz eleng fir eis halen.
Et wier un der Zäit, endlech e Choix ze treffen.
Respekt
Le Ministre de l’Immigration et de l’Asile a déposé, en début d’année, à la Chambre des Députés, un projet de loi relatif au financement du gardiennage et de divers services, comme le nettoyage ou la restauration, au sein des structures d’hébergement des réfugiés gérés par l’Office National de l’Accueil ONA.
Il s’agit de faire voter à la Chambre des Députés une loi pour permettre à l’ONA de signer des conventions cadres avec ces prestataires de services sur plusieurs années. Or, une loi spéciale est nécessaire en raison du dépassement futur du montant de 40 millions d’euros.
Le Gouvernement argumente en évoquant que le gardiennage constitue un élément indispensable de la mise en œuvre du système d’accueil des réfugiés géré par l’ONA, afin d’assurer leur sécurité et d’aider au respect des droits et des valeurs qu’impose le vivre-ensemble dans un logement collectif.
737 agents de gardiennage assurent, 7 jours sur 7 et 24 heures sur 24, une permanence « garantissant » la sécurité des quelques 5.500 personnes séjournant dans les structures de l’ONA. Ces agents accueillent les nouveaux-arrivants, contrôlent les accès aux centres d’hébergement, tiennent un registre des entrées et des sorties, surveillent les équipements et installations techniques et veillent au respect du règlement d’ordre interne des 70 structures d’hébergement mis en place par l’ONA.
Le montant prévisionnel nécessaire serait de 120.000.000 euros sur les quatre prochaines années, raison pour laquelle le gouvernement évoque l’urgence du vote de cette loi.
Des sommes astronomiques à côté des financements de projets d’intégration des réfugiés ! À titre d’exemple, le Budget de l’État pour 2023 prévoit 1,5 millions d’euros ensemble pour le Contrat d’Accueil et d’Intégration (CAI) et le Parcours d’Intégration Accompagné (PIA).
Tout en comprenant le souci de l’ONA de garantir une bonne gestion de ses structures pour réfugiés, le Lëtzebuerger Flüchtlingsrot se pose la question de l’utilité d’un tel effort financier.
Les réfugiés sont des êtres humains ayant fui leur pays, où ils craignent pour leur vie. Souvent traumatisés et en mal de comprendre le fonctionnement de notre société qui les accueille, ils nécessitent un accompagnement psychologique et socio-éducatif individualisé.
Or, cette loi suit la logique de la politique du gouvernement, visant à déresponsabiliser les réfugiés. Ne pouvant travailler que difficilement pendant leur procédure d’asile, qui dure parfois des années, n’ayant pas la possibilité de préparer leurs repas dans la plupart des cas, ne disposant que d’un argent de poche symbolique…, on leur ôte la possibilité d’être autonomes et actifs dans leur processus d’intégration. Ils sont en outre hébergés dans des structures où l’accès est limité aux seuls habitants, sans possibilité d’avoir des visites. Plus de 50% des hébergés des foyers sont des bénéficiaires de protection internationale. Le foyer est donc à considérer comme leur domicile. Cependant, en raison de la nécessité d’une présence ininterrompue des agents de sécurité, le gouvernement induit qu’ils sont un danger pour notre société.
De surcroît, selon le texte du projet de loi, les agents de sécurité peuvent être amenés à accomplir des tâches allant au-delà de ce que prévoient leurs termes de référence. Or, il n’y a rien dans la proposition du Gouvernement sur les besoins et le financement de la formation de ces agents.
Pour le Lëtzebuerger Flüchtlingsrot, la voie choisie, de dépenser dans le sécuritaire à la place d’investir dans l’intégration et dans l’accompagnement psychologique et socio-éducatif individualisé, est fausse ! Face aux problèmes de saturation des structures d’hébergement, il faut investir massivement dans l’autonomisation des réfugiés, pas dans leur surveillance !
Le Lëtzebuerger Flüchtlingsrot
Vum Thierry Hirsch *
„Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn“: Eisen Nationalmotto kéint eis am Moment net besser mat den Ukrainer verbannen.
An trotzdeem liest een an der Press (sou z.B. am Artikel „Zwischen Ernüchterung und Empörung“ op „Reporter.lu“), dass eis Autoritéiten a Saache Logement vu Flüchtlingen net brilléieren. Dat ass keen neie Problem – en existéiert scho säit der „Flüchtlingskris“ vun 2015 an huet scho fir sou muench Schlagzeil gesuergt, souwuel wat d’Quantitéit vun deene Wunnengen ubelaangt wéi och d’Qualitéit (Stéchwuert: Al Logopédie zu Stroossen, wou viru Joeren e Flüchtlingskand sech d’Hand an engem futtisse Lavabo opgeschnidden hat an an d’Urgence koum).
Resultat: Iwwer 1.000 Ukrainer hu Lëtzebuerg an Direktioun aner EU-Länner verlooss („Reporter.lu“). Eng absolut Schan.
Ech schreiwen hei als Enkel vun enger Lëtzebuergerin, déi während dem Zweeten Weltkrich zwee Mol landesintern Flüchtling war, wéi d’Kämpf am Norden vum Land besonnesch hefteg waren. Bis un hiert Liewensenn huet si gekrasch, wann si vun dësen Erliefnisser erzielt huet, a war deene Familljememberen am Süden vum Land zudéifst dankbar, bei deenen si mat hiren Elteren an anere Membere vun der Famill an engem klengen Haus opgeholl gouf.
Ech si sécher, dass ech net deen eenzegen Nokomme vun engem Lëtzebuerger Flüchtling sinn: Frot mol an Äre Familljen no.
1945 war Lëtzebuerg a villen Ecke vum Land zerstéiert a war zum Deel batter aarm. An dach gouf wuertwiertlech Plaz gemaach, fir nach e puer Leit méi mat un en net räich gedeckten Dësch ze loossen, well déi nach manner gudd dru waren an Hëllef gebraucht hunn.
Haut liewe mir am räichste Land vun Europa. Eisen Dësch ass sou räich gedeckt, wéi eis Grousselteren oder Elteren sech dat während an nom Zweeten Weltkrich ni hätten dreeme loossen.
Wann een da gesäit, wéi an dësem räiche Land a Saache Logement vu Flüchtlinge geschafft gëtt – wéi wéineg Plaz mer un eisem sou räich gedeckten Dësch wëlle maachen –, da kann een sech just d’Aen reiwen.
Wann ee bedenkt, dass eis Autoritéiten lo scho mindestens siwe Joer laang Erfahrung am Beräich vum Management vun enger „Flüchtlingskris“ missten hunn an dann nach ëmmer sou Saache passéieren, kann ee sech just d’Aen reiwen.
Wann ee bedenkt, dass vill vun deene betraffenen Autoritéiten, déi zécken, fir Decisiounen ze huelen an zum Deel debil Reegelen ofzeschafen (am Artikel vu „Reporter.lu“ gëtt d’Beispill genannt vum Schoulsak, deen d’Kanner net dierfen mat an den Iesssall huelen – dat misst ee mol mat de Fonctionnaires-Poschen an der Staatskantin maachen) an der Fonction Publique eng “prime à responsabilité” kréien, kann een sech just d’Aen reiwen.
D’Asbl LUkraine schléit laut „Reporter.lu“ vir, fir Wunncontainer – wéi de Staat se zum Beispill an der „Flüchtlingskris“ vun 2015 am Mariendall agesat huet – temporaire op Lëtzebuerg ze bréngen an hei an de Gemengen uechtert Land opzestellen. Nom Krich géifen déi Wunncontaineren an d’Ukrain bruecht, wou se dann dee Moment staark gebraucht géifen, bis Haiser an Appartementer neess opgebaut sinn. Eng intelligent an nohalteg Iddi.
E puer Gemengen hu laut deem Artikel schonn zougesot a weisen domat hier Solidaritéit. Dat wëll ëmgedréint heeschen, dass ganz vill vun eisen 102 Gemengen dat nach net gemaach hunn, obwuel se dat kéinten maachen: Vill Gemengen hu genuch Plaz, fir sou Wunncontaineren opzestellen – sief et op Terrainen, déi hinne selwer gehéieren, sief et, andeems se mat de Propriétaire vu Bauland schwätzen, op dat an deenen nächste Jore souwisou nach net sollt gebaut ginn. Et ass ganz einfach eng Fro vu guddem Wëllen a vun Engagement.
Och d’Kierch soll sech un hiert faméist Gläichnis vum baarmhäerzege Samariter erënneren an aktiv no der Sich vu sou Terrainen hëllefen.
Och d’Kierch soll sech un hiert faméist Gläichnis vum baarmhäerzege Samariter erënneren an aktiv no der Sich vu sou Terrainen hëllefen. D’Kierch war ëmmer e Groussgrondbesetzer hei am Land an huet och ënnert hire Scheewercher sou muench Propriétairen vu Terrainen sëtzen. Mat engem engagéierten Hierdebréif kéint eise Kardinol sech un d’Gewëssen vun dëse Leit riichten.
Net wien mir an eisem Häerz sinn, mä wat mir konkret maachen, definéiert eis.
Et wier un der Zäit, dass eis Autoritéiten weisen, ob se Courage hunn a kreativ denke kënnen. Wann d’Autoritéiten vu manner räichen EU-Länner dat hikréien, missten mir mat vill méi Mëttelen dat dach och hikréien.
All weidere Flüchtling, dee Lëtzebuerg wéinst Logementsproblemer verloossen muss, ass eng Schan fir eist Land – wéi gesot, dat räichste Land an Europa.
„Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn.“ Wat bedeit dat nach haut, wou mir Lëtzebuerger net méi an eiser nationaler Existenz bedrot sinn?
– Generéis an hëllefsbereet si géigeniwwer Leit, déi eis Hëllef brauchen, a kreativ no Léisunge sichen, andeems mir e bësschen méi no zesummeréckelen, fir nach Plaz un eisem Dësch ze maachen – sou, wéi eis Virfahren dat wärend an nom Zweeten Weltkrich gemaach hunn?
Oder
– Egoistesch, geldgiereg sinn oder ze feig, fir eventuell onbeléift politesch oder administrativ Decisiounen ze huelen, an all Zentimeter vun eisem räich gedeckten Dësch ganz eleng fir eis halen.
Et wier un der Zäit, endlech e Choix ze treffen.
* Den Auteur ass Chercheur en lettres classiques.
Kritik u Foyer fir Flüchtlingen: 78 Jugendlecher ënnert engem Dag
100komma7 15. Mäe 2023 – 08:00
D’Caritas an den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher kritiséieren d’Situatioun an engem Foyer fir jugendlech Flüchtlingen an der Stad. 78 mannerjäreg Flüchtlingen, déi ouni Elteren op Lëtzebuerg komm sinn, sollen do vun nächstem Mount un ënnerbruecht ginn. Och wann elo kuerzfristeg bei der Finanzéierung nogebessert gi wier, kéinten d’Norme fir ee korrekten Encadrement ronderëm d’Auer, wéi se soss fir Kannerheemer hei zu Lëtzebuerg gëllen, net respektéiert ginn.
Problèmes de douches ou encore manque de médiateurs sociaux… Le président de l’association LUkraine constate certains dysfonctionnements dans la structure d’accueil du Kirchberg. Le ministère des Affaires étrangères ne partage pas ces remarques.
Vous vous rappelez que dans la plénière de Huncherange la participation des dpi à la gestion du foyer avait été évoquée, notammen par le biais d’un organe consultatif prévu dans la loi
(art 10.7 de la loi du 18 décembre 2015:) “)Les demandeurs peuvent participer à la gestion des ressources matérielles et des aspects non matériels de la vie dans la structure d’hébergement par l’intermédiaire d’un comité ou d’un conseil consultatif représentatif des personnes qui y sont hébergées.”
Par la question parlementaire 7332 la députée Nathalie Oberweis a interrogé le Ministre de l’Immigration qui y a répondu :
Alors que l’article 10.7 de la loi du 18.12. 2015 évoque un comité ou un conseil consultatif dans les structures d’hébergement permettant aux résident.e.s d’avoir une voix au chapitre, il s’avère qu’à ce jour aucune instance pareille n’est en place. Comment expliquer ceci alors qu’il s’agirait d’un outil de participation essentiel. Qu’envisagez – vous pour remédier à ce non-respect de la loi ?
L’article 10, paragraphe 7, de la loi Accueil du 18 décembre 2015 constitue une transposition fidèle de l’article 18, point 8, de la directive 2013/33 (UE) du 26 juin 2013. Lesdits comités ou conseils consultatifs peuvent être mis en place sur demande d’une majorité des demandeurs de protection internationale de la structure d’hébergement respective. Ceci dit, de manière générale, les demandeurs sont incités de participer activement à la vie quotidienne dans les structures en collaborant avec le personnel encadrant qui a notamment pour mission de faciliter leur responsabilisation et autonomisation et de promouvoir leur intégration dans la société d’accueil.
Quelques constats et remarques :
Hélas, l’absence de comité consultatif est entériné officiellement par le Ministre!
La question parlementaire en question:ici
Nei Struktur fir Asyldemandeuren um Kierchbierg
Um Kierchbierg ass Enn Dezember eng weider Flüchtlingsstruktur vum Office national de l’accueil mat enger Kapazitéit vun 120 Better opgaangen. 44 Asyldemandeure wieren an Tëschenzäit an dat fonkelneit Gebai mat 24 Duschen, 29 Toiletten, sechs Kichen an engem Fitnessraum erageplënnert, esou den Ausseminister Jean Asselborn.
De nouvelles capacités pour l’accueil des réfugiés
Le Luxembourg compte désormais près de 7 400 lits pour assurer un «accueil digne» des personnes fuyant leur pays d’origine. En 2022, 3 400 lits ont été créés, non sans problèmes.
KIRCHBERG Erstaufnahmezentrum bleibt für Registrierungen geöffnet
Wegen der kalten Wetter-
bedingungen der letzten Tage
sind seit Donnerstag rund 200
Personen aus dem Erstauf-
nahmezentrum Tony Rollman
auf Kirchberg evakuiert wor-
den. ONA, Caritas und Rotes
Kreuz hätten am Wochenende
hervorragende Arbeit ge-
leistet, um die Betroffenen in
anderen Wohneinrichtungen
unterzubringen, so Außen-
minister Jean Asselborn. Er
werde die Lage weiter ver-
folgen.