“Datt Ministeren a Verwaltungen iwwer hiren Ego ewechsprangen”

“Datt Ministeren a Verwaltungen iwwer hiren Ego ewechsprangen”
100komma7  29. Okt 2018 – 07:20

D’Koordinatioun vum Grupp “Ronnen Dësch” fuerdert an hire Recommandatiounen un déi zukünfteg Regierung en besser prise en charge vun Asyldemandeuren, mee setzt sech och fir gesamtgesellschaftlech Verbesserungen an. Lëtzebuerg géif sech vill veränneren, an an där Entwécklung dierft kee vergiess ginn, gëtt de Serge Kollewelter am 100,7-Interview ze verstoen. Eng konkret Fuerderung ass, datt Jonker ënner 25 een Urecht op eng eenheetlech Sozialhëllef kréien, eng aner ass eng besser Koordinatioun tëscht Ministèren a Verwaltungen an Asyl- an Integratiounsfroen. Wichteg wier och, datt Asyldemandeuren, déi traumatesch Erfarunge gemaach hunn, besser opgefaange ginn. D’Christiane Kleer huet mam Serge Kollwelter geschwat.