Votre panier

D’Openthaltsrecht notzen, fir den Aarbechtsmaart ze entlaaschten!

Carte Blanche vum Laura Zuccoli  radio 100komma7
Laura Zuccoli|Update: 16.12.2024 12:50|18 Commentaire(n)
RTL

Zu Lëtzebuerg gëtt et Mënschen, déi ee kaum gesäit an héiert, Mënschen, déi net wëllen opfalen an dofir och keng Hëllef ufroen, Mënschen ouni Openthaltserlabnis.

Sans-papiers gi si genannt, obwuel se e gültege Pass hunn. Mee ebe keng Openthaltsgeneemegung. An d’Politik pëtzt d’Aen an d’Ouere fest zou, mee net iwwerall an Europa.

Mënschen ouni Openthaltserlabnis gi weder an eisen Etüden erfaasst, nach hu si Recht op eng Ënnerstëtzung. Hir genau Zuel ass onbekannt. An enger Hëllefsaktioun wärend dem Covid goufen dës Leit vun Hëllefsorganisatioune mat Iessbongen ënnerstëtzt, well si vun haut op Muer net méi schaffe konnten a keen Akommes méi haten. Ouni Openthaltspabeieren huet ee kee Recht op Ënnerstëtzung vum Staat. 450 Persounen, dorënner 160 Kanner, goufen esou betreit. Hir duerchschnëttlech Openthaltsdauer zu Lëtzebuerg louch bei 3 bis 4 Joer, keng Persoun hat manner wéi ee Joer Openthalt.  Dat sinn der vill an haut sinn et der sécher nach méi.

Fir ze iwwerliewen huele si Geleeënheetsaarbechten un, verdéngen en Hongerloun, ginn oft ausgenotzt a falen an d’Hänn vun Mënschenhändler, woubäi Frae besonnesch Opfer vun Gewalt sinn. Si brénge mat der Këscht um Réck dat Iessen, wat mer iwwer Internet bestallt hunn, spullen hannen an der Kiche vum Restaurant, murksen um Bau oder versuerge krank oder eeler Leit doheem. Si wunne bei Frënn, bei Famill oder ënner katastrophale Bedingungen iwwer engem Café, heiansdo eleng, mee och emol mat Kanner. Mënschen ouni Openthaltsrecht traue sech net an d’Wanteraktioun, aus Angscht, ausgewisen ze ginn.

Sans-papiers kënne Flüchtlinge sinn, deenen hir Demande op Schutz zu Lëtzebuerg net ugeholl gouf an déi net an hiert Land zréck kënnen oder wëllen.  Mee et si virun allem Auslänner aus Drëttstaaten, déi ganz legal bei eis agereest sinn an hei bleiwe wëllen, fir sech an hirer Famill e bessert Liewen opzebauen, fir der Famill, déi weiderhin am Heemechtsland an Aarmut lieft, finanziell ze hëllefen oder well se net méi an hir korrupt an autoritär Heemescht zréckwëllen. Verschiddener haten eng Openthaltserlabnis, déi awer net verlängert gouf, zum Beispill, well se an deem Moment keng Aarbecht haten.

A Spuenien ginn den Ament d’Sans-papiers regulariséiert. Spezifesch Openthaltserlabnisser fir Mënschen an irregulärer Situatioun, déi hir Wuerzelen an der spuenescher Gesellschaft beleeë kënnen, ginn ausgestallt. Esou kann een eng zweet Chance kréien, wann een zwee Joer laang eng Openthaltserlabnis hat an dëse Permis net erneiert gouf. Intressant ass spezifesch d’Openthaltserlabnis fir déi, déi bereet sinn, eng Ausbildung an engem Beruff ze maachen, an deem et e Mangel un Aarbechtskräfte gëtt. Dat neit spuenescht Gesetz gesäit och en temporären Openthalt fir Asylante vir, deenen hir Demande op Schutz refuséiert gouf. Déi betraffe Persounen hunn no der Notifikatioun vum Refus ee Joer Zäit, fir eng nei Demande anzereechen. Spuenien huet den Eescht vun der Problematik erkannt a bitt sënnvoll Alternativen, déi de Sans-papiers an och der spuenescher Gesellschaft weiderhëllefen.

A ganz Europa mangelt et un Aarbechtskräften. Souguer den Orban an Ungarn léisst Aarbechter aus Bangladesch oder Indonesien kommen an d’Meloni an Italien plangt, iwwer 3 Joer 450.000 Aarbechter ze regulariséieren. Och bei eis kloe vill Patronen iwwer Mangel un Aarbechtskraaft, och am net-qualifizéierte Beräich. Sans-papiers sinn an der Reegel héich motivéiert a bereet, vill Sacrificen op sech ze huelen, fir sech hei e bessert Liewen opzebauen. Regulariséierung bitt Léisungen. Déi lescht Regulariséierung läit bei eis mëttlerweil méi ewéi 10 Joer zréck.

Op wat waarde mer nach?