EU-Migratiounspolitik: Mir hunn e Problem a keng kloer Linn
D’Migratioun ass e wichtegt Walkampfthema fir d’EU-Walen. Nodeems virun zwou Wochen am Europaparlament de sougenannte Migratiounspak ugeholl ginn ass, weist sech däitlech, dass d’Unioun eng aner – méi restriktiv – Richtung wëll aschloen.
Egal, ob een dat gutt oder schlecht fënnt, een Aspekt gëtt dacks vergiess. Nämlech, dass et ëm Mënsche geet, fënnt d’Monica Camposeo am Commentaire.
Et ass en Thema, dat polariséiert. Virun allem elo; virun allem bei dësen EU-Walen. Krisen, Kricher, Inflatioun. Wann et de Leit net gutt geet oder si där Meenung sinn, da bleift dacks wéineg Versteesdemech fir déi Leit, déi aus anere Länner heihinner flüchten. D’Situatioun ass den Ament also allgemeng ugespaant.
Egal ob ee fënnt, dass mir zu Lëtzebuerg oder an der EU ze vill Refugiéen hunn, oder ob ee fënnt, dass mir ouni Problem nach kéinte méi Leit ophuelen. Ech denken, dass mir eis op eppes kënnen eenegen: Mir hunn e Problem. D’europäesch Unioun huet e Problem. Esou wéi d’Migratiounspolitik den Ament gefouert gëtt, fonctionéiert et einfach net.
Et fonctionéiert weder richteg gutt fir déi Leit, déi mir ophuelen. Déi a Foyere festsëtzen, dacks ganz laang net dierfe schaffen, an déi – wa mer éierlech sinn – bal keng realistesch Chancen op eng richteg Integratioun hunn. Nach fonctionéiert et fir déi, déi mir net ophuelen. Déi laange Prozeduren ausgesat ginn, fir da gewuer ze ginn, dass si zeréck an hiert Heemechtsland mussen. Oder zeréck an en anert EU-Land geschéckt ginn, dacks op der Strooss liewen, ouni Pabeieren. Den Ament gëtt eng Politik gefouert, déi versicht, sech mënschlech an oppen ze verkafen a gläichzäiteg streng wëll sinn. Besonnesch restriktiv aktuell, wat d’Baussegrenzen ugeet. D’Realitéit bleift, dass Leit am Mëttelmier erdrénke gelooss ginn. Dat passt net bei d’Bild vun der EU.
Zanter 2014 hu bal 30.000 Leit, déi op der Sich no engem bessere Liewe waren, déi europäesch Küsten ni erreecht. Vun der Donkelziffer schwätze mer guer net. 2024 riskéiert prozentual gesinn en Negativ-Rekord ze ginn.
Wat hei wéi eng Opzielung vu Statistike kléngt, sinn eenzel Schicksaler. Dat sinn 30.000 Mënschen, déi Famill zeréckloossen. Dorënner Kanner, déi ni wäerten an d’Schoul goen. Mee dat ass net alles. Och déi Leit, déi europäesche Buedem erreechen, sinn onmënschlechen Zoustänn ausgesat ginn. Si gi geschloen, beklaut oder mussen deeglaang op engem Boot aushalen, dat esou kleng ass, dass si nëmme kënne stoen. Ouni Waasser oder Iessen. Esou Erfarunge si keng Eenzelfäll.
Egal, wéi eng politesch Meenung ee vertrëtt, de Wee an Europa ass onmënschlech. Mir mussen eis kënnen dorop eenegen, dass d’europäesch Unioun, déi fir Mënscherechter antrëtt, dës Zoustänn net dierf zouloossen.
Jo, Flüchten ass e Choix. Mee Flüchten ass och en Akt vu Verzweiwlung. A soulaang d’EU keng legal Alternative fir d’Migratioun, zum Beispill duerch e Visa-System, en place setzt, gëtt a Kaf geholl, dass Mënsche stierwen, wou mir Vakanz maachen. Den neie Migratiounspak, deen Zentren un den EU-Grenze virgesäit, an deenen Demandeure vun internationalem Schutz solle kënne festgehale ginn, ass keng Léisung. Et bleift wéi et ass: Dëse Pak wäert d’Situatioun vun deene verschlechteren, déi mir wäerten ophuelen. An och vun deenen, déi mir net ophuelen. Et wäerte weiderhi Läichen un de Mëttelmierplagen ugespullt ginn.
Egal wéi eng politesch Meenung ee vertrëtt, et geet hei ëm Mënschen. An esou wéi de Wee an Europa elo ass, kann et einfach fir kee gutt sinn.
2024 riskéiert een neien Negativ-Rekord ze setzen
De Statistikportal Statista zielt fir dëst Joer, vu Januar bis Mäerz, bal 14.000 Leit, déi eleng iwwert d’Mëttelmier-Route an d’EU ukomm sinn. Op d’mannst 459 Mënsche sinn an dësen 3 Méint schonn am Mëttelmier erdronk. Dat déidlechst Joer war 2016. Méi wéi 5.000 Frae, Männer a Kanner sinn an deem Joer am Mier tëscht dem afrikaneschen an dem europäesche Kontinent gestuerwen. Obwuel dat Joer mol net hallef esou vill Leit op deem Wee an Europa ukomm sinn ewéi 2015, sinn der awer méi erdronk. Wärend d’Zuel vun den Doudegen zanter 2016 am Fong erof gaangen ass, klëmmt se an de leschte Joren awer nees. Mat 3.700 Mënschen, déi erdronk sinn, gouf et d’lescht Joer nees eng dramatesch Hausse. 2023 huet domadder Punkto Doudesaffer den trauregen Niveau vun 2015 erreecht. Also deem Joer, an deem sech bei wäitem déi meeschte Leit iwwert d’Mëttelmier op de geféierleche Wee an Europa gemaach hunn.
Dëst Joer 2024 riskéiert esouguer prozentual gesinn en Negativ-Rekord ze ginn. Eleng an den éischten dräi Méint läit den Taux vu Leit, déi erdronk sinn, par Rapport zu deenen, déi iwwert d’Mëttelmier ënnerwee waren, bei iwwer 3%. Am Verglach: Souguer 2016, dem déidlechste Joer, louch dësen Taux bei knapp 1,4%. Dëse Verglach ass wuelverstane prozentual gesinn. An och just fir de Wee iwwert d’Mëttelmier. Dobäi ginn et nach eng ganz Rei aner Weeër, déi d’Leit op sech huelen, fir an d’EU ze kommen, sief et iwwert de Balkan oder iwwert den atlanteschen Ozean bis op d’kanaresch Inselen.