Expulsions de mineurs des foyers de dpi
Gemeinsam Äntwert vum Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, Max Hahn a
vum Inneminister Léon Gloden op d’parlamentaresch Fro n°1888 vum honorabelen Deputéierten
Marc Goergen iwwert d’Expulsioun vu Mineuren aus ONA Foyeren.
Prinzipiell ass et esou, dass soubal eng Decisioun vun der Direction générale de l’Immigration zum
Statut vun enger Persoun geholl gëtt – souwuel en Accord wéi e Refus – den ONA dës Persoun
opfuerdert innerhalb vun engem bestemmten Délai d’ONA-Struktur ze verloossen. Aner Persounen
verloossen den ONA-Reseau aus diversen Grënn och scho virdrun, obwuel se nach en droit à
l’hébergement hätten. Generell ass all Sortie aus dem ONA-Reseau definitiv. A ganz raren Exceptioune
kann et virkommen, dass eng Decisioun revidéiert muss ginn. Hei drënner fannt dir d’Unzuel vun allen
Sortien aus dem ONA Réseau säit 2022, opgeschlësselt no Joer an Alter vun de Persounen.
Joer Adultes Mineurs Total
2022 4245 1177 5422
2023 2767 909 3676
2024 2141 712 2853
Et ass wichteg ze betounen, dass keng Persounen vum ONA an d’Maison retour geschéckt ginn. Déi
betraffe Leit kréien d‘Méiglechkeet ugebueden an d’Maison retour ze goen wou si gehollef kréien hire
fräiwellege Retour an d’Heemechtsland ze organiséieren. Si kréien och eng finanziell Hëllef ugebuede
fir sech do erëm z e integréieren. Wann dowéinst eng Persoun an d’Maison retour assignéiert gëtt,
dann en vue vun hirem fräiwëllege Retour, soudass sech d’Fro vun enger Reintegratioun an den ONA-
Reseau am Prinzip net stellt.
Lëtzebuerg, den 5. Mäerz 2025
Minister fir Famill, Solidaritéit,
Zesummeliewen an Accueil
Max Hahn