Flüchtlinge riskéiere wéinst neier Reegel op der Strooss ze landen

Am Centre de primo-accueil um Kierchbierg gi Flüchtlingen nëmmen nach opgeholl, wann se virdru schonn hir Demande fir internationalen oder temporäre Schutz bei der Immigratiouns-Direktioun gemaach hunn. Dës Ännerung bréngt mat sech, datt verschidde Flüchtlinge riskéieren, op der Strooss ze landen.

 

Pierre Reyland / jod

Centre Primo Accueil
De Centre de primo-accueil um Kierchbierg (Foto: MAEE)

Lauschteren


Fir Persounen, déi zu Lëtzebuerg internationalen oder temporär Schutz wëllen ufroen, war de Centre de primo-accueil um Kierchbierg bis viru kuerzem eng éischt Ulafstell. A si konnten do direkt ënnerdaach kommen.

“Une contradiction totale avec les droits fondamentaux”

Zanter ronn zwou Wochen awer ass dat anescht. Déi Betraffe mussen elo fir d’éischt hir Demande bei der Direction de l’Immigration op der Areler Strooss maachen. Där hir Büroe sinn awer nëmmen op Wochendeeg, vun hallwer 9 Moies bis 12 Mëttes, op.

Leit, déi baussent deenen Zäiten an d’Land kommen, missten dofir entweder eng Struktur fir Sans-abrie fannen, oder op der Strooss iwwernuechten, bedauert d’Marion Dubois, Direktesch vun der ASBL Passerelle, déi sech fir d’Rechter vun Asyl-Demandeuren asetzt.

“Beaucoup de personnes se retrouvent à passer une nuit dans la rue, voire même plusieurs quand ils arrivent la veille d’un weekend. Pour nous, c’est une mise en danger des personnes qui sont venues au Luxembourg, chercher une protection, et c’est une contradiction totale avec les droits fondamentaux de ces personnes.”

Eng Ausnam gëtt et

Den Ausseministère gouf eis op Nofro hin Zuelen. An den zwou Woche mat de nei Reegele goufen 78 Leit am Centre de primo-accueil refuséiert, well si virdru kéng Demande bei der Immigratiouns-Direktioun gemaach haten.

36 Persoune goufen trotzdeem ugeholl. Déi meescht dovu ware Famillje mat mannerjärege Kanner. Fir si gëllt eng Ausnam: si ginn zu all Zäit an ouni prealabel Demande am CPA acceptéiert an un déi zoustänneg Servicer orientéiert.

Wat sinn d’Grënn fir déi nei Reegel?

Zu de Grënn, firwat d’Reegele fir den Accès an de Centre de primo-Accueil geännert goufen, sot de Ministère eis, datt festgestallt gi wier, datt 30 Prozent vun de Leit, déi an de CPA koumen, duerno guer keng Demande fir Protektioun gemaach hätten, oder verschwonne wieren.

Et hätt och Sécherheetsproblemer am CPA ginn, an d’Plaze wieren do limitéiert. Der Direktesch vu Passerelle, Marion Dubois, no, géifen déi Argumenter awer juristesch d’Strooss net halen.