Flüchtlings- a Migratiounspolitik: Jorelaang Entmënschlechung
Wann eng Minoritéit vu Flüchtlingen a Migranten Auteur vun enger schroer Strofdot ginn, ginn all d’Flüchtlingen a Migrante bestrooft. Dat weist sech an der Lescht an Däitschland.
.
Den däitsche Chrëscht-Demokraten ass hir mënscherechtsfeindlech Anti-Asylpolitik kuerz virun de Walen esou wichteg, datt si zum Tabubroch bereet waren an d’Brandmauer géint d’AfD opginn hunn. Deem viraus gaangen ass awer eng jorelaang europäesch Politik mat där Flüchtlingen a Migranten dehumaniséiert goufen. An dat net just vu riets, fënnt d’Fanny Kinsch a sengem Commentaire.
Dat wat d’lescht Woch an Däitschland geschitt ass, ass net an engem Vakuum geschitt. Mat Anti-Flüchtlingspolitik léist sech wuel Walkampf maachen. An och d’SPD huet den Toun an der Migratiounspolitik an de leschte Méint ëmmer nees verschäerft. Dat wéinst Strofdoten, déi sécher grujeleg waren. Bei kenger anerer demografescher Grupp awer gëtt wéinst eenzele Strofdoten déi ganz Grupp ënner Generalverdacht gestallt.
Allgemeng hu vill Parteien aus der politescher Mëtt an Europa zanter 2015 eng ëmmer méi restriktiv Positioun ageholl. Zanter Jore gëtt a Kaf geholl, datt Dausende Mënschen op der Sich no enger sécherer Zukunft am Mëttelmier erdrénken. Gewalt géint Migranten op den EU-Baussegrenzen ass zum Deel institutionaliséiert. Am Plaz Mënschen an Nout ze retten, ginn Hëllefsorganisatiounen déi dat maachen och nach penaliséiert. Leit déi op irregulärem Wee an Europa komme ginn entmënschlecht, gläichzäiteg ginn awer keng Weeër opgemaach, fir regulär a sécher Asyl unzefroen.
Ënnert dem Jean Asselborn als LSAP-Ausseminister war Lëtzebuerg laang eent vun de wéinege Länner, déi sech an Europa konsequent dofir agesat hunn, Flüchtlingen opzehuelen. Mëttlerweil ass dat net méi sou. Wéi et allgemeng an Europa am Trend läit wëll d’CSV-DP-Regierung Leit déi keen internationale Schutz kréie séier nees lassginn. Et kéint ee sech natierlech froen, ob Europa mat senger Populatioun déi ëmmer méi al gëtt an akutem Personalmanktem net besser berode wier, deene Leit eng Méiglechkeet ze ginn hir Situatioun iwwert d’Aarbecht ze regulariséieren, besonnesch wa si wéinst Prozeduren déi schleefe schonn zanter Joren hei sinn an hir Kanner hei scolariséiert an integréiert sinn, mee dorëms geet et hei net.
Doriwwer eraus léist sech keng wierklech Lëtzebuerger Positioun méi erkennen. Den Ausseminister Xavier Bettel äussert sech net zu deem Thema. Den Inneminister Léon Gloden, deen d’Immigratioun iwwerholl huet, hëlt och net wierklech Stellung. Ugeschwat zum Beispill op d’Pläng vun der däitscher Regierung virun e puer Méint, fir nees Leit zréck an Afghanistan ze schécken, sot de CSV-Minister just, dat misst op europäeschem Niveau gekuckt ginn. Just géint d’Grenzkontrolle bannent dem Schengenraum erhieft d’Lëtzebuerger Regierung d’Stëmm, wat wéineg mat Häerz, wa wuel aus wirtschaftlecher Siicht mat Verstand ze dinn huet.
Op nationalem Plang fiert d’CSV-DP-Regierung mam Léon Gloden a Max Hahn eng haart Linn, och wann dat heescht, datt Famille mat klenge Kanner am Wanter op d’Strooss gesat ginn. D’Kritik, déi se dofir vu Säite vun der Oppositioun astécht, ass gerechtfäerdegt. Dobäi dierf een awer och net vergiessen, datt et de Jean Asselborn war deen, obwuel seng Regierung eigentlech schonn ofgewielt war, virum Wanter 2023/24 decidéiert huet, datt net méi all Flüchtling en Daach iwwert dem Kapp ze gutt hätt. Mam Argument, d’Strukture wiere voll. Woubäi ee sech awer muss froen, firwat d’blo-rout-gréng Regierung zanter 2015 net méi gemaach huet, fir adequat Strukturen ze schafen an et de Leit, wa se bis e Statut hunn, z’erméigleche sech eppes opzebauen an um éischte Wunnengsmaart unzekommen.
Flüchtlingen a Migrante gi an a vun Europa zanter Joren dehumaniséiert. Hire Schutz bleift ze heefeg just un enger engagéierter Zivilgesellschaft hänken, well Regierungen a Parteien sech net verantwortlech fillen – queesch duerch de politesche Spektrum.