Logement vu Flüchtlingen: Lëtzebuerg ze räich fir ze hëllefen?
Vum Thierry Hirsch *
„Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn“: Eisen Nationalmotto kéint eis am Moment net besser mat den Ukrainer verbannen.
An trotzdeem liest een an der Press (sou z.B. am Artikel „Zwischen Ernüchterung und Empörung“ op „Reporter.lu“), dass eis Autoritéiten a Saache Logement vu Flüchtlingen net brilléieren. Dat ass keen neie Problem – en existéiert scho säit der „Flüchtlingskris“ vun 2015 an huet scho fir sou muench Schlagzeil gesuergt, souwuel wat d’Quantitéit vun deene Wunnengen ubelaangt wéi och d’Qualitéit (Stéchwuert: Al Logopédie zu Stroossen, wou viru Joeren e Flüchtlingskand sech d’Hand an engem futtisse Lavabo opgeschnidden hat an an d’Urgence koum).
Resultat: Iwwer 1.000 Ukrainer hu Lëtzebuerg an Direktioun aner EU-Länner verlooss („Reporter.lu“). Eng absolut Schan.
Ech schreiwen hei als Enkel vun enger Lëtzebuergerin, déi während dem Zweeten Weltkrich zwee Mol landesintern Flüchtling war, wéi d’Kämpf am Norden vum Land besonnesch hefteg waren. Bis un hiert Liewensenn huet si gekrasch, wann si vun dësen Erliefnisser erzielt huet, a war deene Familljememberen am Süden vum Land zudéifst dankbar, bei deenen si mat hiren Elteren an anere Membere vun der Famill an engem klengen Haus opgeholl gouf.
Ech si sécher, dass ech net deen eenzegen Nokomme vun engem Lëtzebuerger Flüchtling sinn: Frot mol an Äre Familljen no.
1945 war Lëtzebuerg a villen Ecke vum Land zerstéiert a war zum Deel batter aarm. An dach gouf wuertwiertlech Plaz gemaach, fir nach e puer Leit méi mat un en net räich gedeckten Dësch ze loossen, well déi nach manner gudd dru waren an Hëllef gebraucht hunn.
Haut liewe mir am räichste Land vun Europa. Eisen Dësch ass sou räich gedeckt, wéi eis Grousselteren oder Elteren sech dat während an nom Zweeten Weltkrich ni hätten dreeme loossen.
Wann een da gesäit, wéi an dësem räiche Land a Saache Logement vu Flüchtlinge geschafft gëtt – wéi wéineg Plaz mer un eisem sou räich gedeckten Dësch wëlle maachen –, da kann een sech just d’Aen reiwen.
Wann ee bedenkt, dass eis Autoritéiten lo scho mindestens siwe Joer laang Erfahrung am Beräich vum Management vun enger „Flüchtlingskris“ missten hunn an dann nach ëmmer sou Saache passéieren, kann ee sech just d’Aen reiwen.
Wann ee bedenkt, dass vill vun deene betraffenen Autoritéiten, déi zécken, fir Decisiounen ze huelen an zum Deel debil Reegelen ofzeschafen (am Artikel vu „Reporter.lu“ gëtt d’Beispill genannt vum Schoulsak, deen d’Kanner net dierfen mat an den Iesssall huelen – dat misst ee mol mat de Fonctionnaires-Poschen an der Staatskantin maachen) an der Fonction Publique eng “prime à responsabilité” kréien, kann een sech just d’Aen reiwen.
Eng intelligent an nohalteg Iddi
D’Asbl LUkraine schléit laut „Reporter.lu“ vir, fir Wunncontainer – wéi de Staat se zum Beispill an der „Flüchtlingskris“ vun 2015 am Mariendall agesat huet – temporaire op Lëtzebuerg ze bréngen an hei an de Gemengen uechtert Land opzestellen. Nom Krich géifen déi Wunncontaineren an d’Ukrain bruecht, wou se dann dee Moment staark gebraucht géifen, bis Haiser an Appartementer neess opgebaut sinn. Eng intelligent an nohalteg Iddi.
E puer Gemengen hu laut deem Artikel schonn zougesot a weisen domat hier Solidaritéit. Dat wëll ëmgedréint heeschen, dass ganz vill vun eisen 102 Gemengen dat nach net gemaach hunn, obwuel se dat kéinten maachen: Vill Gemengen hu genuch Plaz, fir sou Wunncontaineren opzestellen – sief et op Terrainen, déi hinne selwer gehéieren, sief et, andeems se mat de Propriétaire vu Bauland schwätzen, op dat an deenen nächste Jore souwisou nach net sollt gebaut ginn. Et ass ganz einfach eng Fro vu guddem Wëllen a vun Engagement.
Och d’Kierch soll sech un hiert faméist Gläichnis vum baarmhäerzege Samariter erënneren an aktiv no der Sich vu sou Terrainen hëllefen.
Och d’Kierch soll sech un hiert faméist Gläichnis vum baarmhäerzege Samariter erënneren an aktiv no der Sich vu sou Terrainen hëllefen. D’Kierch war ëmmer e Groussgrondbesetzer hei am Land an huet och ënnert hire Scheewercher sou muench Propriétairen vu Terrainen sëtzen. Mat engem engagéierten Hierdebréif kéint eise Kardinol sech un d’Gewëssen vun dëse Leit riichten.
Net wien mir an eisem Häerz sinn, mä wat mir konkret maachen, definéiert eis.
Et wier un der Zäit, dass eis Autoritéiten weisen, ob se Courage hunn a kreativ denke kënnen. Wann d’Autoritéiten vu manner räichen EU-Länner dat hikréien, missten mir mat vill méi Mëttelen dat dach och hikréien.
All weidere Flüchtling, dee Lëtzebuerg wéinst Logementsproblemer verloossen muss, ass eng Schan fir eist Land – wéi gesot, dat räichste Land an Europa.
„Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn.“ Wat bedeit dat nach haut, wou mir Lëtzebuerger net méi an eiser nationaler Existenz bedrot sinn?
– Generéis an hëllefsbereet si géigeniwwer Leit, déi eis Hëllef brauchen, a kreativ no Léisunge sichen, andeems mir e bësschen méi no zesummeréckelen, fir nach Plaz un eisem Dësch ze maachen – sou, wéi eis Virfahren dat wärend an nom Zweeten Weltkrich gemaach hunn?
Oder
– Egoistesch, geldgiereg sinn oder ze feig, fir eventuell onbeléift politesch oder administrativ Decisiounen ze huelen, an all Zentimeter vun eisem räich gedeckten Dësch ganz eleng fir eis halen.
Et wier un der Zäit, endlech e Choix ze treffen.
* Den Auteur ass Chercheur en lettres classiques.