Votre panier

“Mir sinn net iwwerschwemmt” vu Flüchtlingen

Invité vun der Redaktioun (20. Juni) – Laura Zuccoli  RTL
|70 Commentaire(n)

Haut um internationalen Dag vun de Flüchtlinge war d’Laura Zuccoli vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot eis Invitée vun der Redaktioun.

Hei an Europa si vun de 450 Milliounen Awunner just 1,5 Prozent Refugiéen. “Mir sinn net iwwerschwemmt”, esou d’Laura Zuccoli. Dat wier dat Bild, wat d’Leit dacks an de Käpp hätten, mee dat wier awer net de Fall. An Europa géing et virun allem vill ekonomesch Migrante ginn, déi legal mat engem Visa areesen an dann eng Aarbecht sichen. Mee fir déi wier et extreem schwéier, eng Autorisation de séjour ze kréien. Et wier verpasst ginn, méi legal Awanderung z’erméiglechen an eng richteg gemeinsam Migratiounspolitik op d’Been ze stellen.

Sue wiere besser investéiert an eng richteg Migratiounspolitik

Den EU-Migratiounspak, deen déi lescht Legislaturperiod gestëmmt gouf, gesäit d’Invitée och kritesch, well domadder hätt een d’Maueren nach méi héich eropgezunn an awer d’Haaptursaach fir d’Migratioun net ugepaakt. Et hätt een nämlech keng legal Méiglechkeete geschaaft, fir an d’EU ze kommen an doduerch wieren zejoert 18 Prozent méi Leit illegal agewandert, ouni Visa. Donieft hätt een d’EU-Institutioun Frontex opgestockt mat 900 Milliounen Euro. Do sollen duerno 100.000 Leit schaffen. An déi Sue wiere besser investéiert an eng richteg Migratiounspolitik, sou d’Laura Zuccoli vum nationale Flüchtlingsrot.

Fuerderungen un d’Politik

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot huet 5 kuerz Videoe produzéiert, fir dem Bierger ze weisen, wat de Migratiounspakt genee ass a wat sech domadder soll änneren. Donieft riichte si eng Rei Fuerderungen un d’Lëtzebuerger Politik. Virop soll een de Solidaritéitsmechanismus iwwerdenken. Aktuell kéint ee sech do eraus kafen, wann ee keng Flüchtlinge wéilt ophuelen. Donieft misst een d’Baussegrenzen am A behalen. Do solle Centres de rétention opgebaut ginn, wou d’Leit gefiltert ginn an eventuell guer net d’Méiglechkeet kréien, fir Asyl unzefroen. An dat dierft net sinn, kritiséiert d’Invitée.

De Leit eng Aarbecht ginn

Hei am Land ass d’Zuel vun Asyl-Demandeuren op 2.500 geklomme. Also eng Hausse vu bal 450 Leit par rapport zu 2019. Et géing am Grand-Duché virop u Strukture feelen: nëmme 34 vun den 100 Gemengen hu Foyeren. Et feelt u Better, mee et misst een d’Leit och aus de Foyeren erauskréien a se aktivéieren. Et misst een hinnen d’Méiglechkeet ginn, duerch Apprentissagen zum Beispill oder duerch Stagen de Wee op de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart ze fannen. Do kéinte si d’Sprooch léieren an och d’Handwierk wier frou, fir Leit ze fannen. E gutt Beispill wieren d’Ukrainer. Si hätten een direkten Zougang op den Aarbechtsmarché kritt an de Guichet unique, also wou d’Leit op enger Plaz all hir Pabeiere maache kënnen, hätt super fonctionéiert. “Firwat solle mer dat net och fir all déi aner Flüchtlinge maachen?”, sou d’Laura Zuccoli.

Hei och t’Commentairen

https://www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun/a/2206430.html