Votre panier

Motioun fir Stopp vun Expulsioune vu vulnerabele Leit refuséiert

39 Nee-Stëmmen an der Chamber
RTL Dany Rasqué|Update: 23.01.2025 06:30|38 Commentaire(n)
RTL

© Envato Halfpoint

Nodeems de gréngen Deputéierte Meris Sehovic sech e Mëttwoch fir e Stopp vun Expulsioune vu vulnerabele Leit agesat hat, gouf d’Motioun um Enn net ugeholl.

Am Numm vun déi Gréng hat den Deputéierte Meris Sehovic an der Chamber eng Motioun deposéiert, déi ënnert anerem fuerdert, datt d’Regierung direkt ophält vulnerabel Leit, dorënner och Kanner, aus de Strukture vum ONA, dem Office national de l’accueil z’expulséieren. Wéi d’Motioun e Mëttwoch den Owend als leschte Punkt vum Ordre du Jour diskutéiert gouf, war awer kee vun den zoustännege Ministere Gloden oder Hahn do, fir op den Deputéierten hir Froen ze äntweren

Motioun vu Meris Sehovic refuséiert / Reportage Dany Ras

Se wiere mol net immens komplizéiert gewiescht. Hei déi vum Pirat Sven Clement:
“Gouf eng Mamm mat hirem Bëbee op d’Strooss gesat? Jo oder Nee? Am Wanter. Dat wier eng Fro, déi een der Regierung kéint stellen, wann dann déi Ministeren, déi zoustänneg sinn, de Courage gehat hätten, heihinner ze kommen.”

D’CSV an d’DP hu missen explizéieren, firwat eng Mamm mat hiren zwee Kanner aus enger Struktur vum ONA eraus geheit gouf, obscho si schafft an d’Kanner an d’Schoul ginn. De Meris Sehovic huet vun engem weidere Fall geschwat, vun enger Famill aus dem Venezuela. D’Mandy Minella vun der DP huet ënnert anerem ënnerstrach, datt et net genuch Better an deene Strukture gëtt.
“De Minister gëtt net midd, fir Gemengen anzelueden, ze hëllefen, jo hie pilgert duerch d’Land. D’Kommunalpolitiker heibanne kënne sech jo dann och mol déif an d’Ae kucken.”

Eng Pass, déi Marc Baum vun déi Lénk zeréck ginn huet:
“Mä nondikass, wéi eng Parteie sëtzen dann hei zu Lëtzebuerg an de Gemengen? Wien ass dann an der Stad Lëtzebuerg, zu Esch, zu Déifferdeng, wéi eng Parteie sinn dann do an der Majoritéit? An iwwerhaapt an all deenen anere Gemengen och! Da schwätzt mol mat ären eegene Leit.”

Vun enger “Politik mat Häerz a Verstand” seet d’Liz Braz vun der LSAP géif een an der Flüchtlingspolitik vun der Regierung näischt gesinn:
“Ech fannen et och total paradox, wa mir de Poopst invitéieren, vun deem mer eis musse soe loossen, datt mer méi Kanner musse maachen. Op där anerer Säit kréie mer Angscht gemaach virun enger Rentemauer an dann hu mer Leit, Flüchtlingen, déi sech wëllen integréieren, déi sech d’Méi ginn, d’Sprooch ze léieren, deenen hir Kanner hei an d’Schoul ginn, déi eng Aarbecht kënne virweisen an da si mer net am Stand, e Wee fir eng legal Regulariséierung fir dës Leit ze fannen?”

D’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert huet ënnerstrach, datt den Inneminister Léon Gloden amgaange wier, d’Delaie vun de Prozeduren z’optimiséieren. Déi Delaie wiere laang, mä et wier wichteg, datt all Dossier eenzel gekuckt gëtt.

D’Motioun vum Meris Sehovic ass um Enn mat 39 Nee-Stëmme refuséiert ginn.