Nei Flüchtlingsheemer zu Esch an um Briddel

Déi nei Struktur zu Esch kéint scho Mëtt August opgoen an ass fir 150 Leit. Um Briddel kënnen 42 Persounen en neit doheem fannen.

Déi nei Struktur zu Esch op der Kräizung vun de Stroossen Neiduerf an Buerggronn ass am Prinzip fäerdeg. Et muss nach un Detailer geschafft ginn. Beim Office de l’accueil et de l’intégration rechent ee mat Mëtt August, bis déi éischt Awunner an déi 75 Duebelzëmmer kënnen eraplënneren. Duerno huet de Quartier Neiduerf zu Esch 150 Awunner méi.

 

RTL télé 17 Juni 2019