“Onsiichtbar, awer iwwerall”

Nom Internationalen Dag vun de Frae widmet d’Jessica Lopes hir Carte Blanche deene Fraen, deenen hir Aarbecht oft onsiichtbar bleift an net richteg valoriséiert gëtt, obwuel si eng fundamental Roll an eiser Gesellschaft spillen.
D’Maria botzt an enger Schoul zu Lëtzebuerg. D’Awa an d’Amina an enger Bank. D’Paulette an enger ëffentlecher Toilette. All Owend, vun 20 bis 23 Auer, wëscht d’Carolina d’Spuere vun eisem Alldag ewech. All Moien, nach éier mir ukommen, suergt d’Ivana dofir, dass d’Büroe blénken. Awer mir gesi si net. Wa mir ukommen, sinn d’Gäng propper, d’Klassen opgeraumt, d’Poubellen eidel, an den Zuch gesäit aus wéi nei. Alles ass prett fir en neien Dag.
D’Anabela wunnt zu Villerupt, hannert der Grenz. Net well si dat wëllt, mee well hire Salaire net duergeet, fir zu Lëtzebuerg ze wunnen. Si schafft véier Stonnen den Dag, mee hiren Dag dauert op d’mannst aacht, wann een den Trajet matzielt. No der Aarbecht waart si nach dräi Véierelsstonnen op de Bus, dat och wann et bausse fréiert. D’Maria kënnt mam Auto, an owes muss si géint d’Middegkeet kämpfen, fir net um Wee zeréck heem anzeschlofen. D’Claire wënscht, si kéint hire gewalttätege Mann verloossen, mee wie verlount hir schonn eng Wunneng, eleng mat engem Kand an enger Deelzäitaarbecht? Dem Lejla grujelt et virun der Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten: Wa Salariéen aus dem Commerce bis zéng Auer owes schaffe mussen, dann ass si op d’mannst bis Mëtternuecht nach do.
D’Mariama, d’Monique, d’Samira, d’Yasmine an d’Martina si keng Ausnamen. Et ginn Dausende wéi si. Migrantinnen, Grenzgängerinnen, Fraen, déi ënnerbezuelt sinn, Fraen, déi schaffen, wa mir schlofen, wa mir mat eise Kanner zesumme sinn, wa mir eis politesch engagéieren oder einfach d’Fräizäit genéissen. Fraen, déi sech ëm eis Schoulen, eis Büroen, eis Liewensraim këmmeren, mee déi mir kaum gesinn. An dobäi si se iwwerall, souguer an eise Stéit.
Hir Onsiichtbarkeet kënnt jidderengem entgéint. Well wann ee se gesäit, muss ee sech Froe stellen, déi net bequeem sinn. Wie kann da wierklech mat engem Salaire aus dem Botzsecteur liewen? Ginn déi Frae berécksiichtegt, wann et ëm Pensiounen, Wunnengsnout oder Mobilitéit geet? A firwat eigentlech si Frae sou iwwerrepresentéiert an engem Beruff, dee sou wéineg valoriséiert gëtt? Oder gëtt e sou wéineg valoriséiert, well et Frae sinn?
Hir Geschichten an de Wäert, deen d’Gesellschaft hirer Aarbecht gëtt, weisen däitlech, dass et net duergeet, d’Gläichheet an d’Gesetzer ze schreiwen. An der Praxis si bestëmmte Gruppen ëmmer nach vill méi betraff vun Aarmut, Gewalt an Ausgrenzung wéi anerer. An dofir brauche mir nach den 8. Mäerz, fir dat ze weisen, fir dat siichtbar ze maachen.