Oppene Bréif un den Arbechtsminister Dan Kersch iwert den Zougang zum Arbechtsmaart fir DPI

Oppene Bréif un den Arbechtsminister Dan Kersch iwert den Zougang zum Arbechtsmaart fir DPI

De 15. Januar hu mir e Posten bei der Adem deklaréiert fir en Aide-cuisiner / Serveur fir de Restaurant Chiche anzestellen. Et ass wuel bekannt dass eise Restaurant sech als Missioun ginn huet esou vill méi méiglech Migranten en éichten Zougang zum lëtzebuerger Arbechtsmaart ze ginn.

Mir kruten dunn am Februar 14 Assignatiounen vun der Adem geschéckt. Ech hunn all de Kandidaten déi mir en CV geschéckt hun ugeruff an se interviewt, an eng Kandidatin huet och am Chiche en Test gemaach. Wéi virgesinn, hunn ech all d’Assignatiounen ausgefëllt an zréckgeschéckt. Wuelwëssend dass mir trotzdeem kee vun dëse Kandidaten wéilten astellen, well eise Projet ausschliesslech DPI, BPI a soss Migranten astellt, an anere Betriiber wëll weisen, dass dat machbar ass.

Trotz eiser Méi hu mir den Zertifikat fir eng Persoun aus engem Drëttland anzestellen refuséiert kritt. Firwat ? Fir eis als Patron ze forcéieren eng Persoun anzestellen déi bei der Adem ageschriwen ass, amplaz déi Persoun déi mir schon erausgesicht haten. Dat maachen mir natierlech net. An domat ass kengem gehollef.

Am Koalitiounsaccord steet d’AOT soll vereinfacht ginn. Mir haten den 12. Mäerz eng Entrevue doriwer mat Iech, Här Arbechtsminister, mat Vertrieder vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot a vum Ronnen Dësch. Mir woren relatif zefridden aus der Reunioun erauskomm an duechten, dass mir eis eeneg wieren, dass et zur Integratioun vun de Refugiéën geng bäidroen, wann se méi schnell dierften ufänken mat schaffen. Zumools wou ons Betriiber Arbechtskräften brauchen ! An dës Leit si souwisou am Land a wéilten sech gären nëtzlech maachen an sech integréieren.

Op Basis vu mengen Erfahrungen iwert di lescht 3 Joer, ënnert anerem als gréissten Employeur vun DPI/BPI a regulariséierten Migranten, wéilt ech folgend Recommandatiounen maachen fir den Demandeurs de protection internationale (DPI) den Zougang zum Arbechtsmaart ze vereinfachen :

– en DPI sollen spéitstens no 6 Méint dierfen schaffen, fir di Leit net joerelaang aus dem Arbechtsprozess erauszehuelen, wéi et am Moment de Fall ass; et huet sech erwisen, dass di Leit duerch di forcéiert Oisivetéit onnéideg zousätzlech retraumatiséiert ginn, well se zevill Zäit hunn un e méiglechen Retour an un hier schwiereg Erliewnisser ze denken; verschidde Männer ginn esou staark affektéiert duerch di laang Ongewëssheet an hiert Gefill onnëtz a vergiess ze sinn, dass sie psychologesch krank ginn, bis hin zur suizidaler Kriis; Männer leiden zousätzlech dorënner net hierer Roll kënnen gerecht ze ginn fir fir hier Famill ze suejen;

– d’DPI sollen esou schnell wéi méiglech nees schaffen, well d’Leit gewinnen sech un dat Näichtmaachen, soudass et hinnen – dee Moment wou se de Statut kréien – schwéier fällt nees aktiv ze ginn, well si sech dru gewinnt hunn assistéiert ze ginn;

– iwert dem Schaffen (oder och a Stagen oder aneren Beschäftegungsmesuren) léiert een d’Sproochen vill méi schnell, an et kritt een en Abléck an d’Arbechtsgewunnegten an éicht Erfahrungen um Arbechtsmaart, fir prett ze sinn wann een als Resident soll seng Verantwortung iwerhuelen a schaffen goen;

– di Zäit vun der Asylufro soll intensif dozou genotzt ginn fir a Kontakt ze kommen mat der lëtzebuerger Arbechtswelt, fir den DPI ze erlaben hier Kompetenzen un eis wirtschaftlech Realitéiten unzepassen, iwer Stagen a Formatiounen ;

– wann et kee politesche Wëlle gëtt fir d’AOT fir DPI no 6, 9 oder 12 Méint ganz ofzeschafen oder opmanst déi Secteuren opzeman déi ënnert enger Pénurie vu Main-d’œuvre leiden, da misst d’AOT opmanst vereinfacht ginn, esou wéi et am Koalitiounsaccord steet ; am Moment ka kee klengen Betriib sech et leeschten esou en administrativen Opwand ze bedreiwen; den ‘Test du marché’ soll ewegfalen, d.h. de Betriib soll sech net mussen rechtfärtegen firwat en ongedengt déi Persoun wëllt astellen an d’Adem mussen dovun iwerzeegen, dass keen aneren Lëtzebuerger an Europäer deen Job ka maachen; bei einfachen Posten wéi Usträicher oder Plongeur ass et soss quasi onméiglech eng AOT accordéiert ze kréien, oder de Patron muss ganz exotesch Posten ausschreiwen, déi der Realitéit net entspriechen; wann e Betriib wëllt e Refugié astellen (z. Bsp. Fir bewosst zur sozialer Kohäsioun bäizedroen), da soll en dat dierfen maachen. Am Moment ass d’AOT net operationnell ; säit Januar 2016 hunn eréicht 32 DPI iwert eng AOT kënne schaffen vun deenen iwer 3.000 Leit déi a Fro komm wieren … ;

– et geet net duer an d’Gesetz ze schreiwen, dass DPI dierfen no 6 Méint iwert eng AOT schaffen; d’Leit hunn näicht an der Hand fir e Patron dovun z’iwerzeegen, dass si och legal dierfen schaffen; d’DPI missten kënnen no 6 Méint en Dokument kréien wou kloer drop steet, dass sie dierfen schaffen, an ënnert wéi engen Konditiounen;

– d’Adem misst och DPI richteg kënnen aschreiwen, soubal sie dat Dokument hätten, an engem speziellen Service wou och interkulturell Mediateuren genge schaffen, an hinnen aktiv hëllefen Formatiounen, Stagen a.s.w. ze maachen, resp. eng Arbecht ze fannen; verschidden Mesuren wéi de Stage de professionnalisation oder de CIE wieren natierlech och hëllefräich, wann se scho gengen fir DPI gëllen:

– di interkulturell Mediateuren sollen deenen Betriiber zur Säit stoen déi en DPI/BPI astellen fir souwuel de Patron wéi den Employé ze begleden an hinnen bei Froen oder Schwieregkeeten ze hëllefen; si kéinten dann och wichteg Conclusiounen doraus zéien firwat et klappt oder net, wann en DPI/BPI an engem Betriib agestalt gëtt, an déi Erfahrungswärter nees an d’Formatiounen vun den DPI/BPI mat afléissen lossen;

– et wier gutt wann et Mesuren geng ginn wou d’Leit kéinten jeweils en halwen Dag schaffen an di aner Halschecht vum Dag a Sproochekueren goen;

– et soll och, wéi an Däitschland, systematesch méiglech ginn fir Léierbouwen a -meedecher, wou de Patron sech engagéiert si nom Apprentissage anzestellen, ze regulariséieren (d.h. hinnen en Titre de séjour pour travailleur salarié ze ginn, och wann se während der Léier deboutéiert ginn), well Lëtzebuerg brauch gutt ausgebilten a motivéiert Handwierker, an zwar och Apprentiën déi net direkt nom Ofschloss vun hierer Léier beim Patron fortlafen fir bei d’Gemeng oder bei de Staat schaffen ze goen ;

– et wier och flott wann eng Start-up-Location fir ganz kleng Betriiber kéint geschaf ginn, mat Reimlechkeeten fir jeweils 1-2 Persounen, déi do kéinten eng éicht Erfahrung kréien an de Succès vun hierem Handwierk testen (Coiffeur, Retoucheuse, Schongbotzer, a.s.w.), an anengems genge begleet ginn vu Spezialisten a Saachen Autorisation de commerce, Microcrédit, Compta, a.s.w..

-di nei Praxis am Kader vum REVIS, dass Leit déi d’Sproochen nach net gutt beherrschen sech nach net dierfen bei der Adem aschreiwen, an esoulaang musse beim ONIS bleiwen bis se ‘sproochlech prett’ sinn, féiert a ville Fäll dozou, dass onnéideg Zäit verluer geet. Et gi vill Beruffer wou een net muss vill schwätzen a wou ee scho ka schaffen éiert een perfekt Franséich schwätzt (an an där Zäit komplett verléiert huet ze schaffen). Niewebäi bemierkt hu vill vun eise jonke Residenten, och Lëtzbuerger, déi aus eise Schoule kommen och keen Niveau B2 am Franséichen a maachen awer eng Léier oder schreiwen sech bei der Adem an.

Dir sidd sëcherlech der Meenung, dass mir den Accueil, y compris de Accès zum Arbechtsmaart, zu Lëtzebuerg nëtt zevill attraktiv maachen dierfen, well mer soss riskéieren nach méi Migranten unzezéien (de sougenannten ‘appel d’air’). Mir sinn der Meenung dass den Délai vu 6 Méint nach ëmmer geng dofir suejen, dass dat keng Incidenz hätt, well deen Délai an aneren europäeschen Länner deels nach méi kuerz ass.

Fir de Restaurant Chiche hu mir an deene nächsten Méint wëlles nach méi DPI an aner Migranten anzestellen, well mir en zweeten Restaurant zu Esch opmaachen a wahrscheinlech méi e groussen Restaurant an der Stad. Ech hoffen, dass Är Administratioun eis d’Liewen net ze schwéier mecht fir eis multikulturell Equipe ze vergréisseren a weiderhinn e Modell ze sinn fir d’Integratioun iwert d’Arbecht.

Mat léiwe Gréiss,
Marianne Donven
Gérante technique an Associée, Chiche Sàrl
Matbegrënnerin vun OH ! Open Home – Oppent Haus