Portugiesesch Migratioun – en authentescht Stéck Lëtzebuerg!
De 25 Abrëll ass de 50. Joresdag vun der Revolutioun a Portugal, déi 1974 der Diktatur vum Salazar no méi wéi 40 Joer en Enn gesat huet.
Eng gutt Geleeënheet, fir e kuerze Réckbléck op d’portugisesch Immigratioun zu Lëtzebuerg ze werfen
Op der Flucht virun Aarmut, Ënnerdréckung oder Militärdéngscht an de Kolonialkricher a mat der Hoffnung op besser Liewensbedingunge si schonn ab de 50er Jore Portugisen op Lëtzebuerg komm. Vill sinn illegal mat Passeure komm, oft ouni Aarbechtsgarantie. Eréischt 1972 gouf e legale Kader fir di portugisesch Immigratioun geschaf. Famille konnten du legal nokommen, wat nei Erausfuerderunge mat sech bruecht huet, well bis an d’60er Jore ware Familljenzesummeféierungen zu Lëtzebuerg eng absolut Ausnam. Portugal ass 1986 der EU bäigetratt a Lëtzebuerg huet deemools speziell Iwwergangsreegelunge fir d‘Immigratioun vu Portugisen ausgehandelt, mat deenen de fräien Zougang zum Aarbechtsmaart staark ageschränkt ginn ass. Besonnesch Fraen, déi bei hire Mann op Lëtzebuerg nokomm sinn, hu missen 3 Joer waarden, ier si d’Recht haten, legal ze schaffen. Vill vun hinne sinn dofir schwaarz schaffe gaangen a spieren dat haut an hire niddrege Pensiounen.
Déi portugisesch Männer schaffen nach ëmmer haaptsächlech um Bau. Iwwer di lescht 50 Joer hu si Lëtzebuerg gebaut, eis Haiser, eis Stroossen, eis Büroen, eis Schoulen, eist Land. Mat der aktueller Baukris fäerte si awer ëm hir Zukunft. Déi, déi scho bei Alter sinn, wëssen, datt si eemol am Chômage kaum eng Chance hunn, fir eng nei Aarbecht ze fannen. 2018 huet Lëtzebuerg mat Portugal en Ofkommes ënnerschriwwen, fir di professionell Aus- a Weiderbildung vu portugisesche Chômeuren ze fërderen. Virum Hannergrond vun der Kris am Bau wier et sécherlech nëtzlech ze wëssen, wéi eng Resultater dat bruecht huet.
Eng besonnesch Erausfuerderung war an ass nach ëmmer d‘Aschoulung vun de lusophone Kanner. Hir Chancen am Lëtzebuerger Schoulsystem Erfolleg ze hunn, sinn no 50 Joer Immigratioun nach ëmmer vill méi kleng ewéi déi vun hire aner Schoulkolleegen. De Bildungsbericht vun 2021 ënnersträicht, datt Kanner aus Portugal homogen ënnen an der schoulescher Leeschtungsskala stinn an dëst och wann hir Eltere méi laang an d’Schoul gaange sinn. Sproochlech Schwieregkeete vun dëse Kanner, déi am fréien Alter zwou bis dräi zousätzlech Sproochen an der Schoul musse léieren an e Mangel u Selbstwertschätzung virun de schouleschen Erausfuerderunge hunn, sinn d’Haaptursaachen. Um Enn vum Fondamental hunn am leschte Schouljoer 21% vun alle Kanner op d’mannst eemol doubléiert – eng erschreckend Zuel! Net well dës Kanner méi domm sinn, mee haaptsächlech well eise Schoulsystem net un eis sozial schwaach Kanner ugepasst ass. Lëtzebuerg muss dofir dringend weider Mesuren huelen, fir d’Chancëgläichheet fir all Schüler ze garantéieren. Laut der rezenter Etüde iwwer de Rassismus zu Lëtzebuerg erliewen an der Schoul Leit mat portugiseschen Originnen am meeschte Rassismus an Diskriminatioun.
Haut wunne bal 100.000 Portugisen zu Lëtzebuerg, Generatioune sinn hei gebuer, Dausenden hunn am Laf vun de Joren d’Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl. Vill sinn der zréck a Portugal gaangen, di meescht hunn hei hier Wuerzele fir ëmmer geschloen. Si all sinn haut e Stéck vun eis – en authentescht Stéck Lëtzebuerg. Merci de Portugisen zu Lëtzebuerg, ouni si wiere mer haut net dat, wat mir sinn!