Question parlementaire sur les logements gérés par OLAI

Question du Député Marc Lies le 3 décembre 2018 à la Ministre de la Famille et de l’Intégration

Eng koherent Flüchtiingspolitik muss als Zil hunn datt d’Demandeurs de protection

internationale oder Bénéficiaires de la protection internationale ideal encadréiert ginn an

hinnen och gehollef soll gi fir sech kënnen an eiser Gesellschaft z’integréieren. Et

besteet allerdéngs e latente Problem u Wunnenge fir dëse Leit an dëse Familljen eng

Méiglechkeet op en autonoomt Liewen ze ginn.

An dësem Zesummenhang géif ech der Madamm Ministesch gar folgend Froe stellen;

• Ass et richteg, datt Haiser déi vum OLAI geréiert gi carrément eidel stinn, esou zum

Beispill zu Hesper 353, route de Thionville?

• Ass et richteg, datt Haiser mat grousser Wunnflach zu Hesper 412, route de

Thionville just vun e puer Leit bewunnt ginn? Wa jo, wat sinn d’Grënn dofir?

• Laut mengen Informatioune war am Flüchtiingsheem zu Hesper op 299, route de

Thionville wärend 5 Woche keen assistant social vum OLAI erreechbar fir iwwert eng

kommunal Zesummenaarbecht, wat d’Integratioun ugeet, ze schwätzen. Kann

d’Madamm Ministesch eis dës Informatioun bestätegen? Wat ass de Grond fir

d’Absence vum assistant social?

• Iwwerhëlt den OLAI och de Suivi vun dësen Haiser wa Renovatiounen oder

Aarbechten ustinn?

• Wéi ass sécher gestallt dass dës Haiser an engem baulech gudden Zoustand sinn an
och bleiwen?

Réponse de Madame Corinne Cahen, Ministre de la Famille et de l’Intégration le 21 décembre 2018

Ass et richteg, datt Haiser déi vum OLAI geréiert gi carrement eidel stinn, esou zum Beispill zu Hesper 353, route de Thionville?

D‘Haus op der Nummer 353, route de Thionville zu Hesper gëtt zanter dem 31/07/2017 vum Fonds de Logement geréiert.

Ass et richteg, datt Haiser mat grousser Wunnfläch zu Hesper 412, route de Thionville just vun ë puer Leit bewunnt ginn? Wa jo, wat sinn d’Grënn dofir?

D’Haus soll Ufank Januar 2019 vun der Administration des Bâtiments publics renovéiert ginn. Momentan wunnen nach ee Célibataire an eng Famill am Haus, déi awer wéinst der Renovatioun d‘Haus musse verloossen an och am deem Sënn informéiert gi sinn. De Célibataire gëtt vun der AIS begleet. D’Famill refuséiert d’Haus ze verloossen, esou dass eventuell juristesch Schrëtt envisagéiert ginn.

Laut mengen Informatioune war am Flüchtlingsheem zu Hesper op 299, route de Thionville wärend 5 Woche keen assistant social vum OLAI erreechbar fir iwwert eng kommunal Zesummenaarbecht, wat d’Integratioun ugeet, ze schwätzen. Kann d’Madamm Ministesch eis dës Informatioun bestätegen? Wat ass de Grond fir d’Absence vum assistant social?

Déi Informatioune sinn an der Form net richteg a kënnen esou net bestätegt ginn.

Fir d’éischt ass et emol esou, dass all Foyer permanent encadréiert gëtt an et sinn ëmmer Permanencë virgesinn, esou dass d’Bewunner vun alle Strukturen eng Hëllefsstellung vum OLAI kréie kënnen. Am Fall vun enger Urgence, ass den OLAI iwwert eng Permanence Nummer ze erreechen.

Am Fall wou Absencen entstinn, gëtt dat Personal, wat feelt, och ëmmer ersat, esou och an deem ugeschwate Fall, wou eng Assistante sociale effektiv iwwert eng Zäit absente war, mais awer natierlech remplacéiert gouf an doriwwer eraus och iwwer Handy an e-mail déi ganzen Zäit erreechbar war.

Den Office social vun der Gemeng Hesper war iwwer déi Absence informéiert ginn.

Iwwerhëlt den OLAI och de Suivi vun dësen Haiser wa Renovatiounen oder Aarbechten ustinn?

Bei staatlechen Haiser, wéi an dësem Fall, ass den OLAI a stännegem Kontakt mat der Administration des Bâtiments publics wa Renovatiounen ustinn.

Bei net staatlechen Haiser sinn d’Gestionnairen vum OLAI vun den Haiser mat dë Firmen, déi d’Aarbechte maachen, an direktem Kontakt.

Wéi ass sécher gestallt dass dës Haiser an engem baulech gudden Zoustand sinn an och bleiwen?

Den OLAI kontrolléiert d’Haiser zesumme mat der Administration des Bâtiments publics. Si ginn zesummen duerch d’Haiser a lancéiere, wann néideg, eng Etüde fir den baulechen Zoustand ze bewäerten.