Reaktioun op de Pakt :Moert Resultat no jorelaangem Gepléischters
D’Europaparlament huet e Mëttwoch gréng Luucht gi fir déi ëmstridden Asylreform. No jorelaangen Diskussiounen huet d’Majoritéit vun den Europadeputéierte sech fir méi streng Reegele fir d’Migratioun ausgeschwat. E Vott, deen déif blécke léist, ma wéineg um Problem ännere wäert, mengt d’Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.
Schonn am Virfeld vum Vott hunn zeg Mënscherechtsorganisatiounen d’Parlamentarier dozou opgeruff, géint d’Reform ze stëmmen a viru katastrophale Konsequenze gewarnt, fir déi Leit, déi aus hiren Hierkonftslänner flüchten. Dat huet awer och d’Lëtzebuerger Parlamentarier, ofgesi vun der grénger EU-Deputéiert Tilly Metz, net dovun ofgehalen, fir de Pak fir Migratioun an Asyl ze stëmmen. Den CSV-Inneminister Léon Gloden huet séier op de Vott reagéiert, dëse begréisst a vun enger responsabeler Gestioun vun der Migratioun geschwat.
Jorelaang gëtt jo och schonn negociéiert, wéi een d’Flüchtlingsproblematik an der EU am beschten an de Grëff ka kréien, ma dobäi gouf awer all déi Zäit virun allem de Fokus op d’Manéier, wéi ee mat der Migratioun ëmgeet, geluecht, amplaz d’Ursaache vun de Migratiounswellen mol ënnert d’Lupp an an Ugrëff ze huelen.
Elo fuere mer also weider mat enger Symptom-Bekämpfung, amplaz de Problem um Fong unzegoen. Wat sinn iwwerhaapt d’Ursaache wéinst deenen d’Leit hiert eegent Land, hiert eegent doheem, hir Famill an alles wat se kennen, zréck loossen, net just deier Suen ausginn, mee virun allem hiert Liewen op d’Spill setzen, fir an Europa ze kommen an en Neiufank ze woen, fir deen se nach laang net ëmmer mat oppenen Äerm empfaange ginn an hinnen all d’Dieren opstinn? Déi Fro schéngt awer erëm bei all den Diskussiounen niewesächlech.
Et geet drëm eis Grenzen ze protegéieren an d’Migratioun ze reegelen. Jo, mir brauche sécher eenheetlech Prozeduren an der EU a jo et muss méi Solidaritéit tëscht de Memberstaate ginn. Mee datt hannert all deenen Debatte Mënscheliewe stiechen, dat schéngt op en neits gekonnt ausgeblent ze ginn. Dann misst een jo zouginn, datt de Westen a ville Fäll mat responsabel ass fir d’Leed, virun deem vill Mënschen flüchten.
Komm mer pléischtere also weider, reegen eis op, datt et ënnert der Plooschter bäisst, mee woen eis awer net se erof ze huelen a mol an d’Wonn ze kucken. Elo soll dann also en Deel vun den Asylprozeduren un d’Baussegrenze verluecht ginn.
Bis zur Decisioun iwwert eng Asyldemande kënnen déi Betraffe bis zu 12 Wochen an Opfangstrukturen ënnerbruecht ginn.
Mënscherechtsorganisatioune warnen elo scho viru Prisongs-änleche Strukturen, wou d’Mënscherechter wuel mat Féiss wäerte getrëppelt ginn. Vun de méi strikte Prozeduren, wat d’Ausweisungen ugeet, solle just Mineurs non accompagnés net betraff sinn, fir Familljen a Kanner gëllen allerdéngs déi nei strikt Reegelungen.
Wëll een d’Leit domat ofschrecken? Wäerten sech domat méi Leit d’Fro stellen, ob se all déi Méi an dee Misär op sech huele sollen, fir an Europa ze flüchten? Nach feelen d’Detailer wéi d’Reform elo konkret ëmgesat soll ginn. Zil soll et awer sinn, datt de neie System bannent de nächsten zwee Joer a Kraaft trëtt.
E System dee weider op d’Kontroll vu Flüchtlingsstréim setzt, a kee Wuert verléiert iwwert regulär Awanderung, op déi all d’EU Staaten, souguer Ungarn, ugewise sinn, déi allerdéngs leider net gemeinsam ugepaakt ginn.