Rentabel oder abordabel

A senger Carte blanche (RTL 7. Dezember 2020)  mécht de Gilles Hempel, Direkter vun enger Fondatioun a Matbegrënner vum Mieterschutz, sech e puer Gedanken zum neie Mietgesetz.
Carte Blanche vum Gilles Hempel

Virun e puer Méint huet d’Regierung een neit Mietgesetz an der Chamber deposéiert. An dësem Projet de loi ass munches besser a villes och méi kloer gereegelt. Mee eng grondleeënd Approche vum dem Gesetz ass a mengen Ae fundamental falsch: déi vum investéierte Kapital.

Och am neie Gesetz soll déi Reegel bestoe bleiwen, dass de Joresloyer maximal 5% vum Capital investi däerf ausmaachen. A première Vue kéint een dat jo als eng Aart Mietendeckel interpretéieren. Och wann déi 5 % komplett aus der Loft gegraff sinn. Et gëtt keng sachlech Grondlag fir dëse Chiffer. Firwat net 4, 3 oder 7 Prozent?

Mee dee vermeidleche Mietdeckel stellt just sécher, dass den Investisseur weiderhi säi Profit maache kann. Ob de Locataire sech de Loyer leeschte kann, huet hei keng Relevanz. Et gëtt just no de finanziellen Interesse vum Vermieter gekuckt an net no deene vum Locataire.

Wunnen ass e Mënscherecht! An dofir sollt bei esou engem Gesetz och de Mënsch am Mëttelpunkt stoen. An zwar deen, dee wunnt a muss bezuele fir ze wunnen. An net deen, dee fënnt, dass den Handel mam Wunnen ee gutt Geschäft ass.

Mat der Approche vum Capital investi maache mir awer genau dat: Mir riichten eis nom Kapital an net nom Mënsch. Mir stelle sécher, dass den Investisseur säi Kapital rentabiliséiere kann.

De Locataire, dee kee Kapital huet, a sech bei dëse Präisser och keent uspuere kann, deem bleift just säi Loun fir wunnen ze goen. A vun deem Loun muss en och nach kënnen iessen a sech kleeden. Mee dat ass fir vill Leit net méi méiglech.

All Mënsch soll kënnen e Liewen an Dignitéit féieren. Eigentlech misst dat d‘Referenz sinn, wann esou Gesetzer geschriwwe ginn. An net nëmmen de Profit vun deenen, déi dat Geld wat se ze vill hunn, an Immobilien investéieren, fir herno nach méi Geld ze hunn.

Dofir brauche mir een equitabele Mietendeckel. Wunnengen däerfen net nëmmen rentabel sinn, si mussen virun allem och abordabel sinn.