Revis a communauté domestique

Revis : Le meilleur des mondes possibles

Luc Caregari dans Woxx

Fro vum Deputéierten Svan Clement (QP 0091)

(..)

Mam Gesetz vum 28. Juli 2018 gouf de REVIS agefouert a mam Artikel 4 doran ganz kuerz op den Terme “communauté domestique” agaangen, deen des Weideren am Artikel 4 vum groussherzogleche Reglement vum 1. Oktober 2018 konkretiséiert gëtt. Ausdrécklech gëtt eng communauté domestique definéiert als: “Sont présumées former une communauté domestique toutes les personnes qui vivent dans le cadre d’un foyer commun, dont il faut admettre qu’elles disposent d’un budget commun Elo héiert een souwuel vu Persounen, déi a Wunngemeinschafte wunnen, wéi och vu Persounen, déi als unerkannte Flüchtiing vun enger Famill opgeholl

goufen, datt dës Definitioun se virun de Choix stellt: REVIS verléieren oder eng aner Wunnsituatioun sichen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

• A wéi vill Fäll, opgeschlësselt no Refus a Reduktioun, gouf den REVIS vu BPI refuséiert oder reduzéiert opgrond vun der Wunnsituatioun?

• Wéi vill Persounen, déi net ënnert de Statut vum BPI falen, déi mat Persounen, wou keng Alliance a kee lien de parenté besteet, zesumme wunnen, kruten de REVIS refuséiert oder reduzéiert?

• Ass et d’Opfaassung vun der Regierung, datt alleng de Fait, kee Loyer ze bezuelen, de Constat zouléisst, datt et e gemeinsame Budget gëtt an doduerch d’Definitioun vun der communauté domestique erfëllt wier?

• Gedenkt d’Regierung den Artikel 4 (3) vum Gesetz an Zukunft z’amendéieren fir

Härtefäll ze verhënneren?

(..)

Aentwert vun der Familjeministesch Corinne Cahen :

Als Äntwert op dem honorabelen Här Deputéierte Sven Clement seng Fro, ass et ubruecht eng kuerz Erklärung zu der Dispositioun vum “accueilli dans un ménage” ze ginn, esou wéi se am Gesetz vum RMG, Artikel 4, lëschten Abschnitt, virgesinn ass.

Am Revis (Revenu d’inclusion sociale), deen den 01.01.2019 a Kraaft trëtt, ass déi Dispositioun iwwerschafft ginn an et si präzis Kritäre fixéiert ginn, déi de Fonds national de solidarité (FNS) an hirer Decisioun guidéiere, fir eng impartial Applikatioun vun der Mesure kënnen ze maachen, déi sech net ausschliisslech op Beneficiairë vun der Protection internationale (BPI) bezitt.

De Prinzip ass ëmmer dee vun der communauté domestique fir den RMG oder Revis ze determinéieren, d. h. all Persounen déi am Kader vun enger Haushaltsgemeinschaft zesumme wunne ginn dann zesumme gekuckt, esou wéi och hir respektiv Revenuen, fir d’Prestatioun ze determinéieren. D’Notioun vum Budget commun ass dann och gi, wann z. B. Leit an engem gemeinsame Logement wunnen an sech Käschten (Logement an aner Frais ‘en) deelen.

Déi spezifesch Mesure vum “accueilli dans un ménage” ass vum FNS applizéiert ginn, wann Demandeuren aus enger Noutsituatioun eraus komm si, wou si kee Logement haten, z. B. no engem Prisongsopenthalt oder enger längerer Therapie. D’Mesure ass och ëmmer temporaire applizéiert gi, fir de Leit et ze erméiglechen, well si jo gratis opgeholl goufen, Suen ze spuere fir eng eege Wunneng ze fannen. Et huet och net dierften en direkte lien de parenté bestoen tëschent der Persoun an dem “Accueillant”.

An Relatioun mat der Flüchtlingskris huet den FNS seng Applikatioun fir déi spezifesch Kategorie vu Leit präziséiert, andeems en sech Kritäre ginn huet. Sou muss z. B. den BPI direkt aus engem Foyer bei der “famille d’accueil” opgeholl ginn, kee Loyer musse bezuelen an d‘Famill duerf net och Beneficiaire sinn. D‘Mesure zielt fir 12 Méint, déi konnt verlängert gi, wann den BPI beweise konnt, dass seng Wunnengssich kee Succès hat.

Wat elo Wunngemeinschaften ubelaangt, ass et esou, dass den FNS déi Wunnsituatioun acceptéiert (colocation), wann déi respektiv Persounen all een eenzele „Contrat de bail“ hunn, an et muss kloer sinn, dat si déi lafend Liewenskäschten net deelen an och kee “ménage commun” féieren. Dëst gëtt och z. B. iwwert eng «Enquête à domicile » vun engem Assistant social vum FNS iwwerpréift.

An dësem Joer war 1 Fall vum FNS traitéiert gi wou eng Verlängerung accordéiert ginn ass. An 2 Fäll, wou de BPI keng Effortën gemaach huet, fir eng Wunneng ze fannen, huet den FNS communauté domestique zréckbehalen an huet d ‘Leeschtung gestoppt.

Den FNS huet keng Zuele, wéi vill Leit den RMG/Revis opgrond vun der Wunnsituatioun refuséiert oder reduzéiert kritt hunn. Et gi reegelméisseg Refusën oder Retraitën well eng Wunnsituatioun net konform ass, dëst betrefft awer allgemeng seng Beneficiaire ‘en.

Et ass net eleng de Kritär vum “kee Loyer bezuelen” deen a Betruecht geholl gëtt, fir op eng communauté domestique ze schléissen. Au départ kuckt den FNS ëmmer wéi d ‘Persounen op Gemengenniveau enregistréiert sinn, d. h. op si an enger unité de logement figuréieren oder net. Innerhalb vun enger unité de logement gëtt dann awer gekuckt, wéi déi reell Wunnsituatioun ass, z. B. wann an engem Haus zwou separat Wunnenge sinn oder wann eng Wunngemeinschaft virläit (colocation), kënnen d ‘Persounen eenzel gekuckt ginn.

D ‘Regierung ass der Meenung, dass déi Mesure vum Artikel 4 (3) vum Revis-Gesetz eng adaptéiert an équitabel Dispositioun ass, déi et de Leit erméiglecht aus enger schwiereger Liewenssituatioun erauszekommen an sech eng eegestänneg Wunnsituatioun ze schafen. Déi Situatiounen déi am Artikel figuréiere missten all Härtefäll ofdecken.