Schwaarz Scheewercher am soziale Wunnengsbau

Carte blanche vum Gilles Hempel op RTL den 19. September 2019

Sozialwunnenge mussen Sozialwunnenge bleiwen. Dofir plädéiert de Gilles Hempel, Soziolog an Direkter vun enger Stëftung, a senger Carte blanche.

Zu Lëtzebuerg gëtt de Bau vu soziale Mietwunnenge vum Staat ganz grousszügeg gefërdert. Ëffentlech Bauträger wéi de Fonds du Logement an d’SNHBM kréie bis zu 70% Kofinanzement, wa si Wunnenge fir d’Locatioun bauen. Gemengnëtzeg Organisatioune kënne souguer bis zu 75 Prozent bäigeluecht kréien. Eligibel fir dës Subventioune sinn ASBL’en a Fondatiounen, mä méi och reliiéis Veräiner, wéi zum Beispill de Kierchefong.

En Contre-Partie musse si déi Wunnenge fir ee gewëssen Zäitraum zu engem soziale Präis verlounen. Déi Sozialbindung war bis viru kuerzem op just 20 Joer festgesat. Dat heescht no 20 Joer war ee fräi, domat ze maache wat ee wollt. Méi deier verlounen oder och mat enger décker Plus-value verkafen. Aus enger ekonomescher Perspektiv een zimlech gutt Geschäft.

Wierklech ausgenotzt ginn, ass dat bis elo awer net. Associatiounen, déi an deem Beräich täteg sinn, hu fir gewéinlech keng ekonomesch Interessen. An hire Verwaltungsréit sëtzen honorabel Leit, déi sech an hirer Fräizäit pour la bonne cause engagéieren. Et ass mir kee Fall bekannt, wou no 20 Joer de Loyer un de Marchéspräis ugepasst gi wier.

Lo ass de Ministère du Logement higaangen an huet déi Sozialbindung vun 20 op 40 Joer eropgesat. Domat hunn déi meeschten Acteure kee grousse Problem. Déi si frou wa si hirer Zilpopulatioun laangfristeg bëllege Wunnraum zur Verfügung stelle kënnen.

Just een Acteur huet sech doriwwer lautstaark opgereegt. Well deem säi Businessplang geet elo net méi op. Dee wollt nämlech mat deem lukrative Geschäft seng finanziell Perten aus der Trennung vu Kierch a Staat kompenséieren.

No 20 Joer déi Subventiounen erëm Cash um Compte ze hunn, respektiv dee Moment héich Marchés-Loyeren ze kasséieren, dat wier natierlech eng fein Saach gewiescht. Domat hätt ee kënne vill Kierche renovéieren a vill Paschtéier bezuelen. Mä dofir sinn déi Subventiounen net do. Déi sinn do, fir bëllege Wunnraum ze schafen. Dee brauche mir haut, dee brauche mir muer an dee brauche mir och nach iwwermuer. Dofir muss alles gemaach ginn, fir dass Sozialwunnengen och Sozialwunnenge bleiwen.

An all Euro, dee mat sozialem Wunnraum verdéngt gëtt, soll och erëm integral an neie soziale Wunnraum investéiert ginn.